Vous êtes ici

Plan de relance fir de Sport

Questions parlementaires Sport Claude Lamberty Carole Hartmann

Am "Plan de relance Sport" huet de Sportminister déi verschidde Hëllefen a finanziell Ënnerstëtzunge fir d'Gemenge virgestallt. D'Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty hunn an deem Kader e puer Froen un den zoustännege Minister gestallt. 

Fro:

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden: 

„An engem Bréif vum Juni 2020 un d’Gemengen an un d’Gemengesyndikater, huet de Sportminister Explikatiounen zu de Finanzhëllefen am Kader vum „Plan de relance Sport“ ginn.

Éischtens huet de Ministère matgedeelt, datt hie sech géing um Finanzement vun engem Sport-Koordinator bedeelegen. Dëse Koordinator sollt virun allem garantéieren, dass déi eenzel Servicer (LASEP, Sportsveräiner, Schoulen, Maisons Relaisen, etc.) gutt zesummeschaffen, an datt d’Beweegung vun de Kanner am Alter vun 0 bis 12 Joer optimal gefërdert gëtt.

Zweetens géif de Ministère sech u Kompensatiounskuere fir de Schoulsport bedeelegen.

Drëttens wieren och zousätzlech finanziell Hëllefe fir Infrastrukturprojete virgesinn, déi sech fir sportlech Aktivitéiten un der frëscher Loft eegenen. 

Den Delai fir d'Aiden unzefroen, war op den 31. Dezember 2020 fixéiert ginn.

An deem Kontext géife mir dem Här Sportminister gäre folgend Froe stellen:

  1. Wéi vill Gemengen oder Syndikater hunn eng Demande fir e Finanzement vun engem Sport-Koordinator gemaach?
  2. Wéi vill Gemengen hunn eng Demande fir d’Kompensatiounskueren ugefrot?
  3. Wéi vill Gemengen hunn eng Finanzhëllef fir d’Infrastrukturen ugefrot?
  4. Wéi vill kaschten dës Mesuren am ganzen?“

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Claude LAMBERTY             Carole HARTMANN
Deputéierten                        Deputéiert

 

Äntwert vum Dan Kersch, Sportsminister op d’parlamentaresch Ufro N°3423 vun den honorabelen Deputéierten Claude Lamberty an Carole Hartmann iwwert den “plan de relance sport” am kommunalem Beraich

Iwwert den Wee vun der Circulaire N° 2860 vum 8. Juni 2020 vun der Inneministesch sinn d’Gemengen an d’Gemengensyndikater effektiv op d’Mesuren vum “ Plan de Relance” vum Sportsministère opmierksam gemaach ginn.

Wat elo konkret den kommunalen Beräich ubelaangt, huet dësen Hëllefspak eng Ënnerstëtzung vun engem Posten vu ” Coordinateur sportif ” an den Gemengen virgesinn, do dernieft eng weider finanziell Ënnerstëtzung fir d’Gemengen, déi awer och fir d’Federatiounen an d‘Veräiner gezielt huet fir Initiativen fir den deemolegen Ausfall vum Schoulsport ze kompenséieren, an zu gudder lescht, eng supplementar finanziell Bedeelegung un den Sportsinfrastrukturen dobaussen fir den Breedesport.

Wat elo den Sportkoordinator ubelaangt, esou hunn sech, ewéi schonn den 20. Januar 2021 op der Tribün vun der Chamber ugekënnegt, eng 10 Gemengen fir des Offer interesséiert an déi éischt Konventiounen iwwert 3 Joer wäerten deemnächst ënnerschriwwen ginn. Een genauen Käschtepunkt ass deemno hei nach net auszemaachen. Et ass och net ausgeschloss, dass des Aktioun erëm wäert relancéiert ginn.

Fir den deemolegen Ausfall vum Schoulsport kruten 8 Veräiner ronn 35.000 €. Do war keng Gemeng dobäi.

5 Gemengen hunn eng finanziell Hëllef fir Sportsinfrastrukturen fir den Breedesport kritt, wat insgesamt een Montant vun 116.380 € ausgemaach huet. Och hei kann net ausgeschloss ginn, dass des Moossnam iwwert den Fënnefjoeresplang vun den Sportsinfrastrukturen weidergefouert kann ginn.


Claude Lamberty

Carole Hartmann