Vous êtes ici

Neie Spidolsplang: Besser Prise en charge a méi Matsproocherecht

Actualités Santé et soins Edy Mertens Alexander Krieps

No ganz intensiver parlamentarescher Aarbecht ass den neie Spidolsplang um Krautmaart gestëmmt ginn. D'DP-Vertrieder Edy Mertens an Alexander Krieps hu virop begréisst, datt den Text nach eng Kéier opgemaach ginn ass an datt vill Verbesserunge konnten an d'Gesetz afléissen.

Esou ass zum Beispill d’Lëscht vun de Basisservicer, déi all Spidol muss ubidden, ëm ee puer Servicer erweidert ginn. Dat erlaabt et de Spideeler, fir méi villfälteg Pathologien ze behandelen a domadder déi éischt Prise en charge vun de Patienten uechter d’Land ze verbesseren.

D'DP huet sech och fir méi Matsproocherecht an de Spideeler agesat. „Et ass an eisen Aen dofir nëmmen normal, datt een d'Dokteren an d'Personal bei strategeschen Decisiounen iwwer d'Ausriichtung an iwwer d'Zukunft vun engem Spidol mat un den Dësch hëlt, an datt si hir Meenung net nëmmen kënnen zum Ausdrock bréngen, mä datt hier Stëmm och zielt", huet den Edy Mertens op der Chamberstribün ënnerstrach.

 

Ried vum Deputéierten Edy Mertens

 

 Och den Alexander Krieps ass a senger Interventioun besonnesch op d'Matsproocherecht agaangen. "D'Dokteren an d'Personal kréie mat dësem Gesetz an de Spideeler esou vill ze soen ewéi nach ni! Et war d'Demokratesch Partei, déi sech dofir an der Kommissioun agesat huet", esou den Alexander Krieps op der Chamberstribün.

Den DP-Deputéierten ass dono nach op déi künfteg Erausfuerderungen am Spidolswiesen agaangen. Et misst ee schnellstméiglech op den Zuch vun der Digitalisatioun sprangen, fir d'Effikassitéit an d'Transparenz vun eisem Gesondheetssystem ze verbesseren.

Den Alexander Krieps huet um Enn vun senger Interventioun dem internen DP-Aarbechtsgrupp Santé Merci gesot, fir seng wichteg Mataarbecht a Berodung bei dësem Gesetz.

 

Ried vum Deputéierten Alexander Krieps

 


Edy Mertens

Alexander Krieps