Vous êtes ici

Nämmlecht Startchancë fir all Kand !

Actualités Lag vun der Natioun Education Lex Delles

Den DP-Deputéierte Lex Delles ass a senger Ried op de wichtege Roll vun de Schoulen an eiser Gesellschaft agaangen. Et ass nämlech oft an der Schoul, wou Kanner eng éischte Kéier openeen treffen, wou si zesumme spillen, sech austauschen, mateneen a vunenee léieren. Et ass an der Schoul, wou si Interesse fir sech entdecken, an déi wëlle verdéiwen. An et ass och do, wou si sech duerch eng Ausbildung op d’Aarbechtswelt, an domat op hir berufflech Zukunft, virbereeden.

A senger Interventioun op der Chamberstribün ass hie besonnesch op d’Chancëgläichheet fir all Kand an op d’Digitalisatioun vun de Schoulen agaangen.

Nämmlecht Startchancë fir all Kand

Eis Schoulpopulatioun ass an deene leschte Joren ëmmer méi heterogen ginn, ass soumat d’Spigelbild vun eiser Gesellschaft. Fir de Lex Delles muss sech d’Schoul deem upassen. „Mir wëlle keng Schoul méi an där d’Kanner wéinst verschiddene Mammesprooche vu fir era benodeelegt ginn. Mir wëllen eng Schoul, déi esou séier wéi méiglech integréiert, amplaz duerch Sproochbarrièren, separéiert. Mir wëllen déi nämmlecht Startchancë fir all Kand˝, esou de Lex Delles.

Hëllefen heibäi soll déi nei héichqualitativ, bilingual Kannerbetreiung. Kanner vun 1 bis 4 Joer sollen nämlech deemnächst spilleresch, ouni Drock an Zwang un eist méisproochegt Ëmfeld gewinnt ginn. Si sollen een natierlechen an entspaanten Ëmgang zum Franséischen an zum Lëtzebuergeschen entwéckelen, éier se riskéiere Sproochebarrièren z’entwéckelen, déi se während hirer ganzer Schoulcarrière begleeden.

Digitale Klassesall

D’Regierung huet et och net verpasst d’Schoul op den Zuch vun der digitaler Welt ze setzen. Nei technesch Léiermethode sollen d'Coursë méi innovativ a lieweg gestalten, d'Schüler motivéieren a gläichzäiteg eng Bréck zu eiser ëmmer méi digitaler Aarbechtswelt bauen. Heibäi steet déi nei Sektioun I natierlech am Mëttelpunkt, wou d’Schüler geziilt op ee Studium am digitale Beräich preparéiert ginn. Am September wäerte ronn 50 Schüler vun dëser Offer profitéieren.

Ewéi de Premier Xavier Bettel et ugekënnegt huet, wëll d’Regierung dat Engagement nach eng Kéier verstäerken an de Schüler aus dem Secondaire d’Méiglechkeet ginn, een Tablet zu besonnesche Konditiounen ze kréien, fir dësen am Schoulalldag ze notzen.

Eng Offer déi de Lex Delles begréisst huet. „Dat ass keen „nice-to-have˝, fir an der Schoul op de Facebook ze goen, oder Angry Birds ze spillen. Nee, et ass de Schoulsak vu muer. Ee Schoulsak vu 500 Gramm mat allen wichtegen Informatiounen, Stonnepläng, Bicher a schoulesche Projeten. D’Regierung setzt a mengen Aen heimat ee kloert Zeechen a Punkto innovativ, modern a vernetzt Léiermethoden, an dat begréisse mir als DP ausdrécklech˝.

 

 

view video on chd.lu


Ried vum Lex Delles

 


Lex Delles