Vous êtes ici

Matdeelung vun der Demokratescher Partei zu der Decisioun vum Monica Semedo, hir Memberschaft an der DP ze kënnegen

Actualités Communiqué de presse

D'Demokratesch Partei vertrëtt Valeure wéi Toleranz, Anti-Diskriminatioun a Respekt un déi sech all Member ze halen huet. En Dënschdeg, de 26. Januar huet d’Monica Semedo iwwer sozial Medien annoncéiert hir Memberschaft an der Demokratescher Partei opzeginn. DP hëllt Akt vun dëser Decisioun.

No der Annonce vum President vum Europaparlament fir d'Madamm Semedo wéinst Harcèlement vun hire fréieren Assistente 15 Deeg ze suspendéieren, goufen et vill Gespréicher tëscht dem Monica Semedo an der Exekutiv vun der Partei. Et war, ass a bleift fir d’DP absolut inakzeptabel, wann Mënschen harceléiert ginn an ënnert Mobbing musse leiden an dat krut d'Monica Semedo och däitlech gesot. All Form vu Rechtfäerdegung vun Harcèlement ass net ze toleréieren. Aus Respekt virun den dräi fréieren Assistenten, gouf dofir der Mandataire vun der DP ofgeroden sech ëffentlech ze äussere bis d'Decisioun vum Europaparlament intern an de Parteigremien diskutéiert ginn ass.

D'DP ass eng Partei vun de sozialen Themen, eng Partei, déi sech fir e bessert Liewe vun all de Mënschen asetzt. D’DP ass och eng Partei déi jidderengem eng Chance gëtt a keen einfach fale léisst. Deemno war et och selbstverständlech, d’Gespréich mam Monica Semedo ze sichen.

Et ass bedauerlech, dass dëse Prozess eesäiteg ofgebrach gouf an dem Dialog an der Partei keng Chance gelooss gouf.

Fichier attachéTaille
Icône PDF 20210127_pm_monica_semedo.pdf54.58 Ko