Vous êtes ici

Manner Accidenter a Protokoller op Strecke wou fix Radaren stinn?

Questions parlementaires Mobilité et trafic Claude Lamberty Max Hahn

Knapp fënnef Joer zënter der Installatioun vum éischte fixe Radar, froen d'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty bei den zoustännege Ministeren no, wéi d'Unzuel an d'Gravitéit vun de Vitesse-Iwwerschreidungen op de jeeweilege Plazen evoluéiert huet.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden:

« Viru bal fënnef Joer sinn déi éischt fix Radaren zu Lëtzebuerg installéiert ginn. Zënterhier sinn der eng Rei derbäi komm, mat engem Total vun haut 25 fixe Radaren. Dës goufe bekanntlech op strategesche Plazen opgeriicht fir do d’Unzuel un Accidenter ze reduzéieren an d’Verkéierssécherheet ze verbesseren.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

  • Ass dëst Zil erreecht ginn ? Sinn op de Strecken, op deenen e fixe Radar steet d’Unzuel un Accidenter däitlech erofgaang ?
  • Wéi ass d’Evolutioun vu geblëtzte Gefierer pro fixe Radar ? Kann den Här Minister fir all fixe Radar d’Unzuel u geblëtzte Gefierer pro Mount, zënter dass de Radar installéiert gouf, opgeschlësselt no der Gravitéit vum Verstouss (Avertissement taxé 45€, Avertissement taxé 145€ + retrait 2 points, Procès-verbal) nennen ? »

Mat déiwem Respekt,

Max HAHN a Claude LAMBERTY
Deputéiert

Gemeinsam Äntwert vum Här François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, a vum Här Henri KOX, Minister fir bannenzeg Sécherheet, op d’parlamentaresch Ufro N°3326 vum 17. Dezember 2020 vun den honorabelen Deputéierten Max HAHN an Claude LAMBERTY zum Sujet “Impact des radars fixes”

Mat hiere parlamentaresche Froe froen déi éierbar Hären Deputéiert no Informatiounen zu den automatesche Radaren. An dësem Zesummenhang sief dorops higewisen, datt am Moment nëmmen Zuele fir de gesamte Reseau disponibel sinn an net fir eenzel Stréckenofschnëtter.

Insgesamt kann een awer fest halen, datt an deene läschte Joeren generell gekuckt d’Zuel vun de schwéieren Accidenter mat Doudegen a schweier Blesséierten erof gaangen ass. Sinn am Joer 2016, dat Joer wou den éischte Radar a Betrib geholl ginn ass, nach 32 Leit bei engem Verkéiersaccident ëm d’Liewe komm, esou waren et der 2019 (déi definitiv Zuele fir 2020 leien nach net vir) just nach 22. Noweislech ass d’Haaptursaach vu schwieren Accidenter eng ze héich Vitesse. Déi fix Radaren hunn dozou bäigedroen, datt op eise Stroossen insgesamt méi lues gefuer gëtt. Dëst ass awer net nëmmen op déi fix Radaren zeréck ze féieren, déi jo op an der Vergaangenheet besonnesch geféierleche Plazen opgestallt goufen, mais genausou op déi reegelméisseg Kontrolle vun der Police an den Asaz vun de mobillen an de Chantiersradaren, esou datt e Chauffer elo ëmmer Gefor leeft kontrolléiert ze ginn, an net nëmmen do wou e fixe Radar steet. Och de Streckeradar deen 2020 a Betrib geholl ginn ass huet säin Deel dozou bäigedroen. Par Rapport zum fixe Radar dee virdrun do stoung, sinn d’Infraktioune beim Streckeradar nennenswäert erof gaangen.

Am November 2019 goufen am Kader vun der « mise à jour du plan stratégique national pour la réduction des accidents de la circulation par intervention sur l’infrastructure » d’Stroossen op Verbesserungsméiglechkeeten vun der Infrastruktur op Basis vun der « accidentologie » ënnersicht. Hei gouf, fir déi Tronçon‘en wou Radaren opgestallt goufen, folgend Feststellungen gemaach:

Bei 7 Tronçon‘en déi mat engem Radar equipéiert sinn huet sech d’Situatioun verbessert:

  • CR101: Kopstal – Schoenfels (Direndall)
  • N12: Heiderscheidergrund – Heiderscheid
  • N12: Wincrange – Asselborn (Emeschbaach)
  • N13: Welfrange
  • N14: Stegen
  • N7: Hoscheid – Marnach (Dorscheiderhaischen)
  • N8: Brouch – Reckange.

Op2 Tronçon’en bleift d‘Situatioun onverännert:

  • N28: Oetrange – Bous (Pleitréng)
  • N3: Hesperange – Frisange (Schlammesté).

Op engem Tronçon huet sech d’Situatioun verschlechtert:

  • N5: Bascharage – Helfent (Niderterhaff).

Am allgemengen ass festzestellen dass ob deene Strecken fir an hannert de Radaren, d’Radaren e positiven Afloss ob d’Behuelen vun den Automobilisten hunn. D’Radaren hunn noweislech als eng vu méi Moossnamen dozou bäigedroen fir d’Verkéierssécherheet ob eise Stroossen ze verbesseren.

Wat elo d’Unzuel vu geblëtzte Gefierer pro fixe Radar ugeet, esou huet dës Zuel am Allgemengen eng falend Tendenz. D’Zuele gesi wéi folgt aus, woubäi awer ze bemierken ass, datt d’Mise en Service vun emgem neie Radar allgemeng net um Ufank vun engem Joer ass, wat natierlech d’Statistik vun dem éischten Joer beaflosst: [méi...]

 


Max Hahn

Claude Lamberty