Vous êtes ici

Méi Onofhängegkeet fir d’Inspection générale de la Police

Actualités Justice et sécurité Max Hahn

D’IGP huet d’Aufgab fir d’Police ze kontrolléieren, si ass souzesoen d’Police vun der Police. Virun der Fusioun vun 1999, huet d’Gendarmerie d’Police kontrolléiert an d’Police huet d’Gendarmerie iwwerwaacht. Et gouf deemools keen duerchduechte gesetzleche Kader, deen d’Kontroll assuréiert huet. D’Policegesetz vun 1999 huet dunn a 6 Artikelen d’IGP geschaf.

„Mam Gesetz, dat mir hei stëmmen, kritt d’IGP endlech en eegent Gesetz a gëtt esou méi onofhängeg“, huet den DP-Deputéierte Max Hahn betount.

Gläich e puer nei Elementer wäerten dozou bäidroen: D’Inspektioun kritt hiren eegene Personalkader, deen aus Polizisten an aus Ziviliste besteet. Den Haaptinspekter soll aus der Magistratur kommen, esou wéi dat ewell am Joer 2015 ëmgesat gi war. An Zukunft wäert den Enquêteur sech keng Gedanke méi mussen iwwer seng eventuell Zukunft an der Police an iwwer eng Zesummenaarbecht mat Poliziste maache mussen, géint déi hien eemol huet mussen enquêtéieren. Et ass elo nämlech net méi méiglech, datt den Enquêteur zeréck an d’Police geet. Fir Polizisten weider fir d’IGP ze motivéieren (well hier Erfarung wichteg ass, fir propper Enquêten ze féieren) ass hire Beruff och méi attraktiv gemaach ginn.

Obwuel d’Mediatioun net fir dat neit Gesetz zeréckbehale ginn ass, ass de Max Hahn a senger Interventioun awer op déi Méiglechkeet agaangen, déi an Zukunft nawell eng Roll soll spillen: „D’Aufgabe vun der Police si méi komplex ginn, an d’Ufuerderung un Polizisten och. Informatioun a Kommunikatioun sinn an den haitegen Zäiten e wesentlecht Element vun enger gudder Policeaarbecht. Meditatiivt Handele kann an dem Sënn och eng Kompetenz sinn, déi d’Police sech uneegne kann an déi am Kader vun der Formatiounsmissioun vun der IGP kéint iwwerholl ginn. Mam neie Policegesetz huet jo elo all Polizist eng Proximitéitsmissioun. Meditatiivt Handelen, also Konfliktreegelung op eng konstruktiv an zukunftsorientéiert Aart a Weis unzegoen, kann deemno sënnvoll sinn. Berufsbedéngt si Poliziste méi wéi aner Mënsche mat Spannungen a Konflikter a Kontakt. Dofir mussen si beschtméiglech equipéiert sinn, fir an esou Situatioune kënnen ze handelen. Och hei ginn et Beispiller aus dem Ausland, wéi dat an der Proximitéitsaarbecht vun der Police kann ugewannt ginn.“

 


Max Hahn