Vous êtes ici

Méi Locataire kënne vum Wunngeld profitéieren

Actualités Aménagement du territoire et logement Max Hahn Marc Hansen

Zanter Akraafttriede vum Wunngeld hu bis den 1. Juli ronn 2.000 Leit vun der sougenannter „subvention loyer“ profitéiert andeems si an der Moyenne 126 Euro u staatlecher Bedeelegung fir hire Loyer kruten. De Logementsminister Marc Hansen huet ugekënnegt, datt hien dës Zuel weider no uewe schrauwe wëll, well d’Wunndeierecht och an der Locatioun nach ëmmer e grousse Problem zu Lëtzebuerg ass.

Dofir huet hien e Gesetzesentworf ausgeschafft deen un 4 Stellschrauwen dréine wäert fir datt nach méi Leit vum Wunngeld profitéiere kënnen:

  1. De Loyer muss just nach minimum 25% (am Plaz 33%) vum verfügbare Revenu ausmaachen
  2. Sozialtransfere ginn net méi zum Revenu derbäi gerechent
  3. Et muss ee just nach 3 Méint (am Plaz vu 6 Méint) Revenu noweise kënnen
  4. De Seuil vum Revenu gëtt eropgesat: en Haushalt vun enger Persoun mat manner ewéi 2.500 € an Haushalt ab 2 Persoune mat 2.500 € multiplizéiert mat dem „nombre d’unités de consommation“ kënnen an Zukunft vum Wunngeld profitéieren

Dës Mesurë suergen derfir, datt an Zukunft ronn 35.000 Persounen d’Wunngeld ufroe kënnen. Dat mëscht ronn 65% vum private Locatiounsmarché aus“, esou de Max Hahn, President vun der Logementskommissioun.


Marc Hansen

Max Hahn