Vous êtes ici

Méi haart Strofe fir Léit, déi d’Rettungsdéngschter aggresséieren

Actualités Santé et soins Justice et sécurité Max Hahn

„Dat ass awer keng Ursaach fir vu Freed an d'Luucht ze sprangen, well et ass traureg, dass mir esou e Gesetz brauchen!“, huet eisen Deputéierte Max Hahn bei den Debatten iwwert dat neit Gesetz um Krautmaart gemengt.

Am Géigendeel: „Et ass eng traureg Realitéit, dass an eiser Gesellschaft verschidde Leit net de néidege Mënscheverstand besëtzen a Mënschen attackéieren, déi selwer soss näischt am Sënn hunn, wéi Leit a Nout ze hëllefen.“

23 Mol ass et an der 1. Hallschent vun 2018 virkomm, dass Rettungsdéngschter wärend engem Asaz aggresséiert gi sinn.

Et wier ganz einfach eng traureg Realitéit, dass d'Hemmschwell géint Secouristen a Polizisten ëmmer méi kleng ginn ass.

Dofir wier d'Politik gefuerdert gewiescht. An d'Regierung hätt och elo geliwwert.

Fir de Max Hahn ass et awer genee esou wichteg, fir an Zukunft nach méi iwwert déi Problematik an der Ëffentlechkeet ze sensibiliséieren, besonnesch an de Schoulen.

 


Max Hahn