Vous êtes ici

Méi Biolandwirtschaft ass gutt fir d’Ëmwelt

Actualités Agriculture et viticulture Gusty Graas

Am Kader vun enger Orientatiounsdebatt an der Chamber huet den DP-Deputéierte Gusty Graas gefuerdert, datt d’Biolandwirtschaft muss nach méi ënnerstëtzt ginn, well hir Produktioun besonnesch schounend mat eisen natierleche Ressourcen ëmgeet. Hien huet awer och betount, datt et zu Lëtzebuerg net em „de gudde Bauer“ oder „de béise Bauer“ géing, ma em de Bauer u sech!

Incitéiere statt forcéieren

Och wann den DP-Riedner Gusty Graas dorunner zweiwelt, datt dat ganz ambitiéist Zil vun 20% Biolandwirtschaft bis d’Joer 2025 ze erreechen ass, sou sollten a missten awer weider Efforte gemaach ginn, fir den Undeel vun der Biolandwirtschaft ze erhéijen, besonnesch fir eis Biodiversitéit ze erhalen. „Fir d’DP ass et awer wichteg dass de Bauer net soll Dag fir Dag vun uewe gesot kréien, wat en ze maachen huet a wat net!  Et muss een hien incitéieren, statt forcéieren“, huet den DP-Deputéierten ënnerstrach.

Biolandwirtschaft muss och rentabel sinn

Fir d’DP wier et och wichteg, datt e Maart fir Bioproduite bestéing an datt de Biobauer och e faire Präis fir säi Produkt géing kréien. An do géing de Konsument eben eng ganz wichteg Roll spillen, well hie misst och bereet sinn, fir e gerechte Präis  ze bezuelen. Doniewent huet de Gusty Graas och op d’Gefore vun enger explodéierender Demande u Bio-Produiten higewisen. „Et dierf net sinn, datt Tomaten a Frankräich ganzjoers an Zären hiergestallt ginn, ouni d’Saisonalitéit ze respektéieren, a Quinoa am Peru intensiv ugebaut gëtt an de Gebrauch vu Pestiziden dobäi net sou genau geholl gëtt! Dat ass net dat wat mir ënner « bio » verstinn“, esou de Gusty Graas.

7 Piste fir méi Biolandwirtschaft

Den DP-Deputéierten huet dem Agrarminister um Enn 7 Piste mat op de Wee ginn, wéi een den Undeel vun der Biolandwirtschaft zu Lëtzebuerg erhéije kéint:

  • et muss een d’Baueren incitéieren amplaz ze forcéieren. De Bauer muss Loscht hunn fir fräiwëlleg op Bio ëmzeklammen;
  • et muss een op d’Fuerschung bauen. Nëmmen si ka reell Alternativen zu de Planzeschutzmëttel entwéckelen;
  • et muss weider op d’Deelëmstellung vun der Produktioun gesat ginn;
  • den Aktiounsplang Biolandwirtschaft muss ausgebaut ginn;
  • de Ministère soll eng spezifesch Ulafstell schafen, déi sech exklusiv ëm d’Biolandwirtschaft bekëmmert;
  • de Staat muss dofir suergen, datt nach méi regional, saisonal a Bio-Produiten a staatleche Strukturen, wéi a Crèchen, Maison relaisen, Schoulen an a Kantinne verschafft ginn;
  • Naturschutz a Biolandwirtschaft sinn ontrennbar. Si wäert eis hëllefen eis Klimaziler ze ereechen.


Gusty Graas