Vous êtes ici

Lokal ass Tromp!

Actualités Tribune libre Eric Thill

Léif Nolauschterer, 

Virun enger Woch ass an de Gemenge queesch duerch d’Land gefeiert ginn… esou wéi mir dat de Virowend vu Groussherzogsgebuertsdag gewinnt sinn… dës Kéier awer net zesummen, ma op eng aner Manéier… éischter op privatem Niveau oder a méi oder manner klenge Gruppen.

De Corona-Virus huet eis Gewunnechte deels op d’Kopp gehäit.

D’Fro, déi sech stellt, ass, wéi eng Léiere mer aus de Suitte vun där Pandemie zéie mussen… och op regionalem an op kommunalem Niveau.

Déi lescht Wochen hunn eis drun erënnert, wéi wichteg eis lokal Ekonomie, eis lokal Betriber sinn. Stéchwuert Tourismus: Ech brauch net drun z’erënneren, wéi wichteg dee Sekter besonnesch fir eis Stad, den Norden an och den Oste vum Land ass. De Mëttelstands- an Tourismus Minister Lex Delles huet an deem Sënn schonn lëscht Joer eng grouss Campagne fir Vakanz Doheem lancéiert. Viru kuerzem huet hien dunn annoncéiert, datt den nächste Mount eng 700.000 Bongen à 50 Euro verdeelt ginn, déi d’Leit an den Hoteller hei am Land kënnen aléisen. 

Wann d’Restauranten an d’Caféen zou sinn, da kréien dat awer och eis Baueren a Wënzer direkt ze spieren. Dofir ass et net vu Muttwëll, wa mir och u si denken, wa mir akafen. Schliisslech, hu mer déi lescht Zäit gesinn, wéi eng Auswierkungen et huet, wann e Land wéi Lëtzebuerg – an esouguer ganz Europa – ze vill vun anere Géigenden op der Welt ofhängeg ass.

Dat heescht net, datt een déi Situatioun vun haut op muer ännere kéint – dat schéngt mer eng Illusioun ze sinn. Ma jidderee vun eis kann op sengem bescheidenen, perséinlechen Niveau dofir suergen, datt mer op d’mannst méi dacks op déi Produkter zeréckgräifen, déi souwisou schonn hei am Land produzéiert ginn ….an, déi eng exzellent Qualitéit hunn.

Ganz dovunner ofgesinn, datt lokal a regional Akafen och méi nohalteg ass.

D’DP wëll sech op alle Fall dofir asetzen, datt Lëtzebuerg seng héich Ofhängegkeet vum Ausland däitlech reduzéiert. D.h. fir déi lokal Produktioun, dat lokaalt Handwierk an de lokale Commerce verstäerkt an de Virdergrond ze stellen an z’ënnerstëtzen.

Fir si an de Rescht vun eiser Wirtschaft ze supportéieren, wäerte mir héich Investissementer brauchen. De Finanzminister Pierre Gramegna huet dowéinst ee vun de gréisste Konjunkturpäck weltwäit op d’Bee gestellt, mat deem mir eise Betriber hëllefen an dausenden Aarbechtsplaze retten.  

Dofir kommt an hëlleft op perséinlechem Niveau eng Hand mat unzepaken, fir datt eis lokal Wirtschaft, eist Handwierk an och eise Commerce nees méi séier Buedem ënnert d’Féiss kréien.

Et ass zu eisem, an zu eiser Ëmwelt hirem Virdeel.

Léif Nolauschterer, mäin Numm ass Eric Thill. Ech si Schierener Buergermeeschter a President vun der DP-Norden.  Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.

 


 

Fichier attachéTaille
Icône audio 20200629 tribune libre DP Eric Thill.mp35.47 Mo