Vous êtes ici

Lokal akafen - e grousse Plus fir jiddereen

Actualités Tribune libre Place financière Politique sociétale Économie Eric Thill

Léif Nolauschterer,

Fir de Gros vun eis alleguer ass Chrëschtdag e grousst Familljefest, wou ee mat senge Léifsten zesumme kënnt. Et ass eng besënnlech Zäit, déi wäit iwwert de reliéise Charakter erausgeet.

Chrëschtdag ass awer fir déi meescht och e grousst Konsumenten-Fest, mat Kaddoen a mat vill a guddem Iessen. Eng etlech Betriber maachen domadder um Enn vum Joer e groussen Deel vun hirem Ëmsaz.

Wéinst den noutwennege Restriktiounen, déi d’Regierung an d’Chamber wéinst der Covid 19-Pandemie hu mussen huelen, ass d’Situatioun dëst Joer awer eng aner. Och de Konsum steet nämlech ënnert dem Zeeche vun der RESPONSABILITÉIT, déi jidder eenzele vun eis huet, fir datt de Corona-Virus net zevill verspreet gëtt.

Et ass dëst Joer scho vill vu lokal a regional Akafe geschwat ginn, ma genau dëse Motto gëllt déi nächst 2 Woche méi wéi jee virdrun: Wéinst eiser aller Gesondheet a wéinst dem Iwwerliewe vu de klengen a mëttlere Geschäfter mat hiren dausende Beschäftegten. Duerch eist Kafverhale kënne mir also souzesoen zwou Mécke mat engem Coup erwëschen.

Léif Nolauschterer,

Et gëtt eng Réi Argumenter, firwat lokal akafen elo – an och soss – en nohaltege Geste ass, vun deem e ganze Kreeslaf profitéiert.

Ween, wann net déi méi kleng Geschäftslokaler, bidden dacks och lokal, regional a saisonal Produkter un?

Vill vun deene Saachen, déi mir am Alldag verbrauchen, mussen net onbedéngt vun der anerer Säit vun der Welt kommen. Dat gëllt besonnesch fir Wueren, déi och hei am Land produzéiert ginn.

Ech denken do un Alles, wat u Liewensmëttel vun eise Baueren, Gäertner a Wënzer kënnt.

Ech denken un déi kuerz Transportweeër, déi d’Ëmwelt an d’Stroossen entlaaschten.

Ech denken un déi ganz Bio-Branche, déi souwisou nohalteg produzéiert.

Ech denken un d’Fleesch, dat vum Metzler preparéiert gëtt, an dat net aus der Massenhaltung kënnt.

Ech sinn dovunner iwwerzeegt, datt lokaalt a regionaalt Akafen, d’Wirtschaft an d’Mënschen ënnerstëtzt. An zwar am Prinzip duerch eng méi douce an nohalteg Produktioun a Verdeelung. Duerch Geschäfter, déi hir Clienten dacks perséinlech kennen a sech hirer Responsabilitéit bewosst sinn.

Léif Nolauschterer, 

Ech weess, datt ganz vill vu eis iwwer Internet akafen. A fir e Lëtzebuerger „Buttek“ ass et bal onméiglech beim deem Choix matzehalen. Wuel awer beim Service a bei der Nohaltegkeet. A wann ech hei vu Responsabilitéit geschwat hunn, da muss jidderee sech selwer d’Fro stellen, ob hien onbedéngt dat anscheinend bëllegsten, modernsten an ausgefalenst kafe muss oder ob et op den zweete Bléck net méi präiswäert, net méi gesond an net méi verstänneg ass, fir zweemol ze kucken, wat, wou an ënnert wat fir enge Konditiounen een um Enn akeeft. 

Léif Nolauschterer, mäin Numm ass Eric Thill. Ech si Schierener Buergermeeschter a President vun der DP-Norden.  Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren a wënschen iech schéin a gesond Feierdeeg.

 


Eric Thill

Fichier attachéTaille
Icône audio 20201214_tribune_libre_ethill.mp36.08 Mo