Vous êtes ici

Les annonces immobilières manquent de cohérence

Questions parlementaires Aménagement du territoire et logement Max Hahn

À l‘heure actuelle, il n’existe pas de méthode uniforme dans la construction des annonces de vente ou de location de logement sur les sites Internet immobiliers. les informations concernant la surface habitable dans le cas des logements existants ne sont souvent pas indiquées correctement, tandis qu’au niveau des nouvelles constructions, le prix affiché ne correspond souvent pas à la réalité, en raison de l’application du taux de TVA super-réduit de 3% dans l’annonce au lieu du taux normal. Dans ce contexte, notre député Max Hahn a posé quelques questions aux ministres compétents. 

Question:

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Logementsminister an un d’Madamm Minister fir de Konsumenteschutz weiderzeleeden:

„Den Ament gëtt et keng eenheetlech Form fir eng Immobilienannonce zu Lëtzebuerg opzesetzen. Déi kommerziell Annoncë fir de Kaf/Verkaf oder fir d’Locatioun vun enger Wunneng oder vun engem Haus si ganz verschidden an hunn zum Deel onvollstänneg oder esouguer falsch Informatiounen.

Esou feelt bei Annoncë fir aktuell Wunnengen dacks déi genee Informatioun, wéi vill Meter Carré d’Wunneng huet. Bei neie Konstruktiounen annoncéieren d’Agencen oder d’Promoteuren dacks déi reduzéiert TVA vun 3%, obwuel deen Taux dacks net der Realitéit entsprécht.

D’Indikatioun vum Präis op de Meter Carré mam normalen Taux vu 17% géif dem Konsument d’Méiglechkeet ginn, fir déi eenzel Objeten objektiv mateneen ze vergläichen. Wéinst der feelender Kohärenz vun den Annoncen ass dee Verglach den Ament awer immens schwiereg.   

An dësem Kader géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Minister fir de Wunnengsbau an un d’Madamm Minister vum Konsumenteschutz stellen:    

  • Sinn d’Ministesche sech den uewe genannte Problemer bewosst?
  • Sinn d’Ministeschen der Meenung, dass eng gewësse Reegelung, wéi eng Immobilienannonce muss opgebaut sinn, kéint zu enger besserer Transparenz um Immobiliemarché bäidroen? Wann net, wat sinn d’Grënn dofir?
  • Wa jo, ass virgesinn, fir e Gesetz an d’Weeër ze leeden, dat an déi Richtung geet? Wéini kéint ee mat esou engem Gesetzprojet an der Chamber rechnen?“

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Max HAHN                                                   

Deputéierten

 

Réponse commune de Madame Paulette LENERT, Ministre de le Protection des consommateurs, et de Monsieur Henri KOX, Ministre du Logement, à la question parlementaire n°1301 du 8 octobre 2019 de l’Honorable Député Max HAHN concernant les annonces immobilières.

De Konsumenteschutzministere an den Wunnengsbauministère si sech bewosst, dat de Kaf vun enger Wunneng oder engem Haus oft de gréissten Investissement am Liewen vun engem Bierger ass. Dofir mëscht den Konsumenteschutzministere an dem Kader zënter 2018 verstäerkt Kontrollen am Beräich vun der Preisindikatioun bei den Immobilienannoncen.

Mier wëllen den éierewäerten Deputéierten informéieren, dass den aktuelle gesetzleche Kader, dee sech op Immobilienannoncen applizéiert, ënnert anerem de Volet iwwert deloyal kommerziell Praktiken aus dem Code de la consommation ass.

Dëse gesäit fir datt de Fait, falsch oder onkomplett Informatiounen an enger kommerzieller Kommunikatioun unzeginn eng deloyal kommerziell Praktik duerstellt.

Nëmme wann de Konsument déi fir hien néideg Informatiounen presentéiert kritt kann hien och dee richtege Choix treffen an op eng Annonce reagéieren. Dozou gehéieren souwuel de Präis an d’Surface, mä och nach aner Kritären, wéi d’Lokalisatioun, d’Baujoer, d’Unzuel vun den Zëmmeren, etc.

Sou muss kloer uginn sinn, wéi eng TVA fir de Präis bei Neibaute gebraucht ginn ass.

An deem Kader kuckt de Konsumenteschutzministère an ënker Zesummenaarbecht mam Wunnengsbauministère fir d’Informatiounen fir de Konsument an Zukunft nach ze verbesseren. Dobäi géing dann och gekuckt ginn, a wie weit eng gewëss Standardiséierung bei den Annoncen sënnvoll an machbar ass.


Max Hahn

Fichier attachéTaille
Icône PDF 20191008_mhahn_immobilienannoncen.pdf244.24 Ko
Icône PDF 1301_réponse commune.pdf95.55 Ko