Vous êtes ici

A Krisenzäite muss d’Solidaritéit och an der Santé mentale gëllen

Actualités Tribune libre Famille Place financière Politique sociétale Santé et soins Économie Gilles Baum

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

An de leschte Méint gouf vill iwwert den Impakt vun der Pandemie op eist Wuelbefannen an eis Ekonomie geschwat: eng schlecht wirtschaftlech Situatioun huet och Auswierkungen op eis mental Gesondheet! Experte ginn dovunner aus, datt déi Repercutiounen um Enn och riskéieren zu méi Suiciden ze féieren.

Déi mental Gesondheet ass eppes ganz Komplexes. A mir mussen eis bewosst sinn, datt et kee Vaccin géint psychesch Problemer gëtt. De Mënsch ass a bleift e soziaalt Wiesen, dat de Kontakt brauch. Eltere wëllen hir Kanner a Kandskanner drécken a kussen. Frënn a Kolleege wëllen ouni Ofstand beienee sinn. Kanner a Jugendlecher brauchen den Austausch an der Schoul. An esou enger Situatioun gëtt jidderengem bewosst, wéi wäertvoll eis Gesondheet ass!

Den Ament gëtt et vill Angscht em Liewen an Existenzen an eiser Gesellschaft. Eng Angscht, déi d’Politik muss ganz eescht huelen. D’Regierung ënnerstëtzt d’Betriber an engem grousse Mooss. An nawell bleift bei ville Leit op perséinlechem Plang eng grouss Onsécherheet. Eng Onsécherheet, déi zu mentale Problemer féiere kann, déi kënne wäit iwwert d’Pandemie eraus unhalen.

Op meng Initiativ hi wäert de Sujet vun der mentaler Gesondheet a vum Suicide des Woch an der Chamber thematiséiert ginn. Ech wëll domadder en Zeeche setzen, datt psychesch Problemer keen Tabu dierfe sinn. Déi betraffe Leit dierfen net stigmatiséiert ginn, ma si musse gehollef kréien. Esouwuel déi Erwuessen, wéi och eis Kanner.

Mir hunn zu Lëtzebuerg eng ganz Partie Servicer a Berodungsstellen, ma et muss nach méi geschéien, well déi meescht Problemer sinn net eréischt duerch d’Pandemie entstanen, ma si goufen duerch si verstäerkt!

Dofir musse mir onbedéngt eppes géint d’Penurie bei de Psychiater hei am Land ënnerhuelen. Hir Zuel kéint déi nächst 15 Joer em net manner ewéi 80% zeréckgoen. An den Ament garantéiere just 25 Psychiater d’Garden an de Spideeler. An der Kannerpsychiatrie sinn et 7 Dokteren.

Psychesch Krankheete mussen op een Niveau mat kierperleche Krankheete gesat ginn. Déi Betraffen däerfen net méintlaang op e Rendezvous waarde. D’Garde musse bezuelt ginn, fir de Beruff méi attraktiv ze maachen. Och d’Consultatioune bei de Psychotherapeute musse rembourséiert ginn, fir d’Psychiateren do z’entlaaschten, wou et néideg a méiglech ass.

Duerch d’Corona-Kris si vill Leit méi verdrësslech ginn, well se sech eleng fillen. Anerer hu finanziell Ängschten a fäerten em hir perséinlech a berufflech Existenz: de Risiko, ee Suicide ze begoen, geet an d’Luucht. D’Politik muss de Mënsche duerch eng adequat medezinesch Versuergung hëllefen. A Krisenzäite muss d’Solidaritéit och an der Santé mentale gëllen. Mir dierfen déi Leit net eleng loossen.

Di geleefeg Fro „Wéi geet et?“ dierf besonnesch an dësen Zäite keng Floskel sinn, ma eng Offer, fir eise Matmënschen, déi Misär hunn, eng Hand ze reechen.

 


Gilles Baum

Fichier attachéTaille
Icône audio 20210118_gbaum_tribune_libre.mp33.93 Mo