Vous êtes ici

Kommunikatioun vum Bureau exécutif

Actualités Communiqué de presse

Nodeems de Bureau exécutif vun der Demokratescher Partei d'Madamm Semedo haut ugehéiert huet, ass en zu dëser Konklusioun komm:

- de Bureau exécutif proposéiert dem Comité directeur, e Comité des sages anzeberuffen, esou wéi eis Statutten dat virgesinn. Dëse Comité des sages soll driwwer beroden, wat fir eng Konsequenzen d'Decisioun am Europaparlament op d'Memberschaft vun der Madamm Semedo an der DP huet

- de Bureau exécutif an d'Madamm Semedo si sech eens ginn, datt si bis dohinner net méi u Parteigremien deelhëlt

- d'Demokratesch Partei distanzéiert sech nach eng Kéier formell vu Mobbing an all aner Form vun Harcèlement

An engem Videomessage ginn d'Parteipresidentin Corinne Cahen an de Generalsekretär Claude Lamberty weider Detailer.