Vous êtes ici

Kënnen sech d'Traineren op de Covid-19 teste loossen?

Questions parlementaires Santé et soins Sport Claude Lamberty Carole Hartmann

Fir déi beschtméiglech Betreiung z'assuréieren ass a ville Sportaarten den direkte Kontakt mam Sportler néideg. D'DP Deputéiert Claude Lamberty a Carole Hartmann froen dofir no, ob d'Traineren sech net sollte kënnen op de COVID-19 teste loossen. 

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister  an un den Här Sportminister weiderzeleeden:

„Fir déi beschtméiglech Betreiung z'assuréieren ass a ville Sportaarten den direkte Kontakt mam Sportler néideg.

Esouwuel fir de Seniors-, wéi och fir de Jugendberäich stellt sech dowéinst d'Fro, ob d'Traineren sech net sollte kënnen op de COVID-19 teste loossen .

Aus dësem Grond wëlle mir folgend Froen un d'Madamm Gesondheetsminister  an un den Här Sportminister riichten:

  • Kënnen d'Federatiounen an/oder d'Veräiner hir Traineren op de COVID-19 teste loossen?
  • Ginn et Mindestufuerderungen dass eng Federatioun oder e Veräin dierf eng Persoun an e COVID19-Test schécken?
  • Ass d'Regierung gewëllt d'Fraisen vun dëse preventiven Tester am Sportberäich z'iwwerhuelen ?“

Mat déiwem Respekt,

Claude LAMBERTY a Carole HARTMANN
Deputéiert

Réponse commune de la ministre de la Santé, Paulette Lenert et du ministre des Sports, Dan Kersch, à la question parlementaire n° 2806 des honorables Députés Carole Hartmann et Claude Lamberty au sujet de tests de dépistage COVID-19 pour les entraîneurs.

Zanter dem 16. September huet d’Regierung déi 2. Phas vum Large-Scale-Testing lancéiert mam Objektiv, d’Evolutioun vum Virus ze kontrolléieren an dono flexibel reagéieren ze kënnen. D’Phas 2 baséiert op 4 Haapt-Achsen:

  1. Dem strukturéierten, kontinuéierlechen Testing vu representativen Échantillone vun der Populatioun. Dëst erlaabt eis d’Situatioun z’iwwerwaachen a méiglech Clusteren z’identifizéieren;
  2. Dem cibléierten Testing vu Bevëlkerungs-Gruppen, déi engem speziell héijen Ustiechungsrisiko ausgesat sinn (z.Bsp. Personal aus dem Gesondheets- a Rettungswiesen, der Police an der Arméi);
  3. Dem Testing vun den Arrivéeën an d’Land – Persounen déi an d’Land areesen;
  4. Dem ganz geziilten Testing am Fall vun engem lokale Cluster, fir datt de betraffene Grupp vu Leit séier getest an deementspriechend sënnvoll Moossname geholl kënne ginn.

Dës strukturéiert a cibléiert Virgoensweis ass de beschte Moyen fir d’Infektiounsketten ze briechen an esou och effikass d’Kontakter vun den infizéierte Persounen ze retracéieren. Dëse gratis Test ass op Invitatioun.

Dësweidere kann och all Résident virun oder no enger Auslandsrees ee Gratistest iwwer de guichet.lu ufroen.

Am Fall wou eng Persoun potentiell COVID-19 Symptomer spiert, soll se hiren Hausdokter froe fir een Test verschriwwen ze kréien.

Vu Regierungssäit aus ass et am Moment net virgesinn, präventiv Tester am Sportberäich ze fuerderen. Allgemeng gëllen och am Sportberäich déi üblech "Gestes barrières", déi gesetzlech Bestëmmungen a generell déi sanitär Recommandatioune vun der Direction de la Santé.

 


Claude Lamberty

Carole Hartmann