Vous êtes ici

Iwwergangsmesure fir eng modern an nohalteg Landwirtschaft

Actualités Tribune libre Agriculture et viticulture Gusty Graas

Et ass eng speziell Zäit, eng Zäit op déi mir all gäre verzicht hätten. Ee Beruffsstand, deen ablécklech och mat gréissere Schwieregkeeten ze kämpfen huet ass den Agrarsecteur. Mä grad an dëser sanitärer Kris gëtt eis awer och nees bewosst, wéi wichteg et ass, op regional a national Produkter zeréckgräifen ze kënnen.

Den nächste Mëttwoch steet ee wichtegt Gesetz fir d’Landwirtschaft um Programm vun der Chamber: Et geet ëm d’Upassung vum besteeënden Agrargesetz aus dem Joer 2016. Mä firwat eng Upassung? Ma dat huet eng einfach Ursaach: dat aktuellt Agrargesetz ass zwar zäitlech net begrenzt, huet awer bei den Investissementer Plaffonge fir eng Lafzäit bis de leschten 31. Dezember virgesinn. Dono kéinten also keng Subventioune méi accordéiert ginn. Et muss een natierlech wëssen, datt eist Agrargesetz sech un der GAP, also der Gemeinsamer Europäescher Agrarpolitik, orientéiert. An op den 1. Januar ware sech déi 27 EU-Staaten nach net definitiv eens, iwwert deen neie finanzielle Kader bis den 31. Dezember 2027. Dat dauert nach zwee Joer.

Ech wëll kuerz op déi wichtegst Neierungen hei agoen.

Den Akzent an dësem Gesetz gëtt besonnesch op den Ëmweltschutz geluecht. Dofir ginn zum Beispill 5 nei Typpe vun Investissementer, wou et an éischter Linn ëm d'Gülle geet, an Zukunft ënnerstëtzt. Dës Mesure reie sech an de Kader vum nationalen Energie- a Klimaplang vum 11. Februar 2020 an a respektéieren de Waasserschutz.

Da ginn awer och d’Tauxe vu Gebaier a vu Maschinne vu 40 op 60 %, respektiv vun 20 op 40 %, eropgesat. Bei Immeuble gëtt de Plaffong ëm 12 % op 1,9 Milliounen Euro gehuewen. An d’Mindestgrenz gëtt elo op 3.000 Euro erofgesat. Domat kënne Konstruktiounen, wéi zum Beispill e Schutz géint d’Keelt, déi besonnesch bei de Geméisgäertner, Uebstbaueren an den Horticulteure gebraucht ginn, an Zukunft och vun enger Ënnerstëtzung profitéieren.

Bei der Investitiounshëllef fir d’Maschinne bleift generell de Plaffong vun 100.000 Euro. E gëtt awer op 200.000 Euro erhéicht, fir besonnesch innovativ an ökologesch Equipementer, wéi Maschinne fir Steilhäng an de Wéngerten, elektromagnéitesch, mechanesch oder thermesch Jätmaschinnen an och Präzisiounsmaschinne fir d’Düngen. Da gëtt de Mindestwert vu Maschinnen, déi kënne subventionéiert ginn, vu 5.000 op 3.000 Euro erofgesat. Esou kënne besonnesch och d’Geméisgäertner an d’Wënzer dovu profitéieren, déi oft Material brauchen, wat manner ewéi 5.000 Euro kascht.

Fir verschidde Subventioune muss de Beneficiaire awer un de Programm vun der Landwirtschaft-Flegeprimm gebonne sinn. Allerdéngs muss ee wëssen, datt bal 90 % vun de landwirtschaftleche Betriber vun der Primm profitéieren.

Am Regierungsaccord ass jo festgehale ginn, datt kleng Betriber solle méi staark ënnerstëtzt ginn, well si nach méi konsequent op eng nohalteg Manéier de lokale Maart bedénge kënnen. Dat geschitt elo iwwert dëst Gesetz. Hier Aarbecht ass jo manner kapitalintensiv. D'Aide huet zwee Aspekter: fir d'éischt gëtt ee Subside fir ee Konzept auszeschaffen accordéiert an da gëtt op Basis vun engem Plan d'entreprise eng zweet Tranche ausbezuelt.

Et ass jo bekannt, datt tëschent der Landwirtschaft an dem Gewässerschutz eng enk Relatioun besteet. Wa Véi duerch d'Baachen trëppelt ass dat net onbedéngt vu Virdeel fir d'Qualitéit vum Waasser. Dofir solle Clôture laanscht d'Gewässer amenagéiert ginn a just ausgewise Plaze ginn zréckbehalen, wou d'Véi dann drénke kann. Dës Clôturë kaschten natierlech Geld an dofir gëtt et och an d'Zukunft finanziell Ënnerstëtzung.

Et mierkt een also, datt hei Iwwergangsmesure fir eng modern an nohalteg Landwirtschaft geholl ginn. Dat kënne mir als DP nëmme begréissen.

 


Gusty Graas