Vous êtes ici

Gréng Luucht fir d'Finanzéierung vum Südspidol

Actualités Santé et soins Gusty Graas

D'Finanzéierungsgesetz vum Südspidol gouf en Donneschdeg unanime an der Chamber ugeholl. 580 Better, 16 Operatiounssäll a 4 Gebuertssäll, dat alles, an nach vill méi, kënnt an dat neit Gebai vum CHEM zu Esch. De Bau wäert ronn 540 Milliounen EURO kaschten. D'Aarbechte ginn dat anert Joer lass, d'Ouverture ass da fir 2023 geplangt.  

Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet op der Chamberstribün vun engem gudden Dag fir d'Spidolswiesen am Süde geschwat. No ee puer klenge Renovatiounen an de leschte Joren, géif et elo wierklech Zäit, datt de CHEM an een neit, héich modernt Gebai géif plënneren. Dat wier net nëmmen zum Wuel vum Patient, ma vun der ganzer Regioun.


Gusty Graas