Vous êtes ici

Gilles Baum & Pim Knaff: Changementer an der DP-Fraktioun

Actualités Pim Knaff Gilles Baum

De Gilles Baum, deen dat anert Joer sollt als President noréckelen, ass en Dënschdeg eestëmmeg vun den Deputéierten als hiren neie Fraktiounschef gewielt ginn: „Ech sinn houfreg op d’Vertrauen, dat meng Kolleege mir entgéintbruecht hunn, och wann ech mir natierlech aner Ëmstänn gewënscht hätt. Ech wäert dës Funktioun mat dem néidege Respekt an a Gedenken un dem Eugène seng Verdéngschter ausüben", esou de Gilles Baum.

De 47 Joer ale Gilles Baum ass Schoulmeeschter an zanter 2013 Deputéierten um Krautmaart. Op Gemengenniveau ass hie Schäffen zu Jonglënster.

Den Escher Kulturschäffe Pim Knaff ass och en Dënschdeg als neie Süd-Deputéierten amplaz vum Eugène Berger an der Chamber vereedegt ginn. A senger Untrëttsried huet de 54 Joer alen Affekot sech natierlech och mam Minett beschäftegt: „Als zweeten Entwécklungspol am Land spillen Esch a seng Nopeschgemengen eng wichteg Roll an der Entwécklung vun eisem Land. Den ugefaangene Wee vun der Dezentraliséierung muss konsequent virugefouert ginn”.

A senger Ried ass de Pim Knaff och op déi grouss Chancen an Erausfuerderunge vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch 2022, agaangen.

 


Gilles Baum

Pim Knaff