Vous êtes ici

Geoblocking: DP-Deputéierte Guy Arendt: „do ass méi dran!“

Actualités Médias et TIC PME Économie Guy Arendt

Haut gouf an der Chamber e Gesetz gestëmmt, dat soll géint de sougenannte Geoblocking applizéiert ginn. Den DP-Deputéierte Guy war awer net extra begeeschtert vum Text: „Mäin Enthusiasmus hält sech a Grenzen! Dëst Reglement ass e Bréisseler Kompromëss, deen net wäit genuch geet.”

Déi schlecht Noriicht

D’DP ass enttäuscht iwwer dëst Reglement. Et géing net wäit genuch goen an et géing éischter gepléischtert, wéi datt ee konsequent géing géint de Problem vu Geoblocking virgoen. Dat ass déi schlecht Noriicht.

Déi gutt Noriicht

Déi gutt Noriicht ass awer, datt weider dru geschafft gëtt, fir  déi virtuell Grenzen an der Unioun ofzebauen an en digitale Bannemaart opzebauen, deen och fonctionnéiert a vun deem d’EU-Bierger eppes hunn.

„Als Liberaler wëlle mir e fonctionnéierenden digitale Bannemaart! Et ass schwéier, d’Bierger vun de Virdeeler vun der Unioun a vun hirem Bannemaart ze iwwerzeegen, wa si all gudden Dag folgende Saz op hirem Bildschierm stoen hunn: Aus lizenzrechtlichen Gründen dürfen wir diesen Inhalt in ihrem Land leider nicht anzeigen,“ esou de Walfer DP-Deputéierten.

D’DP fuerdert méi Courage vun der neier Kommissioun

D’DP wéilt natierlech, datt d’Rechter vun den „Ayants-droits“ honoréiert ginn, mä si mengt awer och, datt déi aktuell EU-Reglementatioun iwwer Droit d’auteuren net derzou bäidréit, datt de Konsument eppes vum digitale Bannemaart huet. „Déi Reglementer an d’Direktiven, déi nach an der Pipeline sinn, gi menger Meenung no och nach net wäit genuch. Ech sinn awer frou, datt eise Premier Xavier Bettel an och de Wirtschaftsminister der selwechter Meenung sinn a sech op europäeschem Niveau asetzen, fir eng méi ambitiéis Politik an deem Beräich ze verlaangen.“, esou nach de Guy Arendt.

D’DP verlaangt am Beräich vum Geoblocking endlech Neel mat Käpp a konkret Léisunge vun der neier EU-Kommissioun. Léisungen, déi dem Konsument och eppes brénge sollten. Et misst eriwwer si mat der Politik vun de ganz klenge Schrëtt. D’Richtung géing zwar stëmmen, ma et hätt een d’Gefill, datt et nach u Courage fir de grousse Worf feelt.


Guy Arendt