Vous êtes ici

Froen zur Carsharing-Offer Flex vun der CFL

Questions parlementaires Mobilité et trafic Max Hahn

Zanter 2017 gëtt et d'Carsharing-Offer Flex vun der CFL. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst e puer Froe un den zoustännege Minister gestallt, ë.a. wéi d'Flott punkto Motortyp zesummegestallt ass, ob virgesinn ass an Zukunft komplett op emissiounslos Gefierer ëmzeklammen oder nach ob et net sënnvoll wier, d'Carsharing-Offeren och an der Mobilitéits-App unzeweisen.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Baute weiderzeleeden:

„Fir alternativ Forme vun der Mobilitéit ze fërderen, bitt d’CFL zanter Enn 2017 de Carsharing-Service „Flex“ op ville Plazen am Land un. Am Laf vun de Jore konnt de Reseau u Parkstatiounen ausgebaut ginn. Donieft ass bis viru kuerzem an engem Testprojet d’Offer vun engem „oneway“-Service getest ginn. Dat bedeit, dass anescht wéi bis elo, d’Clienten de geléinten Auto op enger anerer Plaz kënne stoe loossen, wéi do, wou si fortgefuer sinn.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Baute folgend Froe stellen:

  • Wéi ass déi aktuell Flott vu Flex punkto Motortyp zesummegesat? Ass virgesinn, an Zukunft op 100% emissiounsneutral Gefierer iwwerzegoen?
  • Wéi gesäit de Bilan vum genannten Testprojet aus? Ass geplangt, dës Offer an Zukunft op méi Plazen auszedeenen?
  • Am Juli 2019 ass eng Zesummenaarbecht tëscht Flex an enger Privatfirma op der Cloche d’Or verëffentlecht ginn. Dowéinst wollt ech nofroen, ob nach weider Projeten, bei deene Flex mat engem privaten oder ëffentlechen Acteur zesummeschafft virgesi sinn? Wéi vill där Partnerschafte ginn et am Moment?
  • Ginn et Gespréicher fir mat Carloh, der zweeter Carsharing-Offer zu Lëtzebuerg, zesummen ze schaffen? Wann net, firwat net? Wa jo, wat ass den aktuelle Stand vun dëse Gespréicher?
  • Ass vu Säite vum Ministère virgesinn, souwuel Flex wéi och Carloh an d’Mobilitéits-App ze integréieren? Wa jo, bis wéini kéint dat realiséiert ginn?“

Mat déiwem Respekt,

 

Max HAHN

Deputéierten

 

Äntwert vum Här François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, op

d’parlamentaresch Fro n°1791 vum 29. Januar 2020 vum honorabelen Deputéierte Max Hahn

zum Sujet „Carsharing CFL“

 

 

1. Flex Carsharing geréiert aktuell eng Flott vun 99 Gefierer mat folgenden Motorisatiounstypen:

- 78 Bensinn bedriwwe Gefierer

- 14 Elektresch bedriwwe Gefierer

- 7 Diesel Gefierer

 

Aktuell ass et net virgesinn, fir kuerzfristeg op 100% elektresch Gefierer iwwerzegoen. D’Ursaach dofir sinn op déi héich Uschafungs- an Infrastrukturkäschten zeréckzeféieren, déi de Moment eng wirtschaftlech Notzung vun dësen Gefierer nët méiglech maachen.

Allerdéngs ass Flex beméit Léisungen ze sichen, fir an Zukunft esou vill ewéi méiglech op emissiounsneutral Gefierer iwwerzegoen.

 

2. Och wann een gesäit dass dëse Service vun enger Rei vu Leit genotzt gëtt, ass et de Moment awer nach ze fréi fir ee Bilan ze zéien. Deemno ass och nach net virauszegesinn, ob dës Offer op méi Plazen wäert an Zukunft ausgedeent ginn.

Desweideren ass Flex mam One Way Service Enn Oktober 2019 mat 10 Gefierer op 7 Statiounen a Betrib gaangen.

 

3. Am Moment huet Flex 17 ënnerschiddlech Partnerschaften aus dem privaten an ëffentlechen Secteur, dovunner 7 Gemengen. Weider Entreprisen a Gemengen weisen Interessi u Flex, an et ass geplangt fir d’Unzuel vun esou Partnerschaften weider auszebauen.

 

4. Am Laf vum leschten Joer goufen et verschidden Gespréicher mat Carloh, dem Carsharer vun der Ville de Luxembourg, esou ewéi och mat den Responsabelen vun der Gemeng Lëtzebuerg, déi eng eventuell Zesummenaarbecht als Ziel haten. Allerdéngs hunn dës Gespréicher nach net zu engem Ofschloss gefouert.

 

5. D’Flex-Statiounen ginn haut schonn als POI (Point of Interest) an der CFL-App bei enger Trajet-Recherche uginn.

Ab Abrëll 2020 wäert Flex eng Schnëttstell kënnen zur Verfügung stellen, déi et erméiglecht fir d’Verfügbarkeet vun den Flex-Autoen op den eenzelen Flex-Statiounen souwuel iwwert d’CFL-App ewéi och iwwert Mobilitéits-App unzeweisen.


Max Hahn