Vous êtes ici

Fënnef Joer responsabel a wäitsiichteg Regierungspolitik

Actualités André Bauler Gilles Baum Eugène Berger Xavier Bettel Gusty Graas

A sengem État de la Nation huet de Xavier Bettel detailléiert duergeluecht, wéi eng Reformen d’Regierung an de leschte fënnef Joer ëmgesat huet. Projeten, déi d’Land aus sengem Wanterschlof gerappt a fir frësche Wand uechter Lëtzebuerg gesuergt hunn: Et geet dem Land besser, wéi viru fënnef Joer, esou de Staatsminister en Dënschdeg um Krautmaart.

D’DP huet e groussen Undeel un dëser Dynamik. D’DP-Regierungsmemberen hu mat déi schlëmmste Mëssstänn vun der viregter Regierung behuewen an d’Weichen op Zukunft gestallt.

De Bilan ka sech op alle Fall weise loossen, och wann nach net alles gemaach ass. D’DP schafft weider un hirem Zil, fir de Leit hiert alldeeglecht Liewe méi einfach ze maachen an de kommende Generatiounen déi bescht Chancen op eng gutt Zukunft ze verschafen.

Doriwwer eraus sollen d’Entreprise sech nach besser entwéckele kënnen an um Succès vum Land deelhuelen. D’DP huet op alle Fall konkret Iddien, wéi Lëtzebuerg och an den nächste Jore responsabel a wäitsiichteg gefouert gi soll.

Ee vun der DP hire 5 Schwéierpunkten an der Walcampagne ass Aarbecht & Liewen. En Thema, dat eng zentral Roll spille wäert. Et geet drëm fir e gesetzleche Kader ze schafen, fir de Leit hiert Gläichgewiicht tëschent Aarbecht a Fräizäit/Famill (Work-Life-Balance) ze verbesseren. Mir wëllen d’Salariéen an d’Patronen dobäi ënnerstëtzen, fir d’Aarbechtszäite méi flexibel a méi effizient ze maachen. Fir datt méi Zäit bleift fir Famill, Frënn, Hobbyen oder Veräiner.

D’DP fërdert wieder konsequent déi nächst Generatiounen: doheem, wärend hirer Betreiung an an der Schoul.

Dobäi geet et net em Dogmen, ma em Léisungen. Am Schwéierpunkt Kanner & Zukunftschancen ginn dofir konkret Moossname gebëndelt, mat deenen déi Jonk besser Perspektive kréie, fir hir Bildung z.B. duerch zousätzlech sproochlech an digital Kompetenzen.

Am Beräich vun der Mobilitéit & Infrastruktur steet Lëtzebuerg virun extra groussen Erausfuerderungen. Mat hirem nationale Mobilitéitsplang wäert d’DP dofir suergen, datt d’Leit hei am Land an Zukunft neméi all Dag am Stau stinn. Et geet dofir em de schnellen Ausbau vun den Transportinfrastrukturen, ma och em en intelligenten a vernetzten ëffentlechen Transport.

Esou schafe mir och d’Viraussetzunge fir en dynameschen a bewosste Wuesstem. D’DP setzt op Digitaliséierung, op Exzellenz, op eng steierlech Entlaaschtung vun de Betriber (a vun de Bierger), op de Mëttelstand, op Innovatioun an op Méisproochegkeet – ee vun onse wichtegste Standuertvirdeeler iwwerhaapt. D’DP suergt dofir, datt Wirtschaft & Finanzen sech responsabel entwéckele kënnen.

D’DP huet grousst Vertrauen an d’Talenter vun de Bierger vun dësem Land.

E Land, dat sech senger Identitéit & Kultur bewosst ass.

Senger Lëtzebuerger Sprooch a senger Méisproochegkeet.

Senger traditioneller Wuerzelen a senger multikultureller Realitéit.

 

 

 

 

 


Xavier Bettel

Eugène Berger

Gusty Graas

André Bauler

Gilles Baum