Vous êtes ici

E Budget mat Rekordinvestissementer

Actualités Place financière André Bauler Eugène Berger Carole Hartmann Pierre Gramegna Gusty Graas

Héich Invistissementer an d'Mobilitéit

Vun deene 2,8 Milliarden Euro Investissementer fléisst ee gudden Deel an d’Liewensqualitéit vun de Leit. Besonnesch d’Verbesserung vun der Mobilitéit steet d’nächst Joer nees am Virdergrond: „Et geet net duer, d'Leit z‘encouagéieren, méi op den ëffentlechen Transport zréckzegraifen, et muss een dofir och de Kader schafen. Lëtzebuerg mécht dat. Mat héijen Investissementer an d'Infrastrukturen, engem Ausbau vun der Offer, an – vum nächste Joer un – engem gratis ëffentlechen Transport“, huet de Finanzminister ënnerstrach.

De bloe Fuedem: sozial Gerechtegkeet

Fir den Eugène Berger beweist d’Regierung mat dësem Budget op en Neits hir Bestriewungen, fir Lëtzebuerg méi gerecht ze maachen: „D’Thema Gerechtegkeet zitt sech wéi ee sozial liberale Fuedem duerch dëse Budget“. Als konkret Beispiller nennt den DP-Fraktiounschef déi rezent Erhéijung vum Mindestloun, déi zousätzlech Congésdeeg, d’Entlaaschtung vun de Betriber an déi ronn 10 Milliarden Euro u soziale Mesuren, Subsiden an Transferten.

Wuelstand ofsécheren duerch Digitaliséierung

Eng weider Prioritéit vum Eugène Berger ass d’Digitaliséierung. „Déi digital Technologië sinn d‘Minettssteng, d‘Eisenäerz vum 21. Joerhonnert. Et ass un eis, fir se esou ze notzen, datt mer domat weider fir de Wuelstand am Land suerge kënnen an den Erfollegsmodell Lëtzebuerg viruschreiwe kënnen“.

Dezentraliséierung vun de Verwaltungen

Den André Bauler ass a senger Interventioun zum Staatsbudget ë.a. op d’Dezentraliséierung vun den ëffentleche Verwaltungen agaangen. Laang Jore wier d’Entwécklung vum Land virun allem op den Zentrum konzentréiert gewiescht, ma de Staat kéint hei mam gudde Beispill virgoen a méi Administratiounen ë.a. an der Nordstad usidelen. Dat géif dës Géigend nei valoriséieren a géing och aner Acteuren animéieren, fir do z’investéieren. Doriwwer eraus géinge méi kuerz Aarbechtsweeër den Trafic entlaaschten an d’Liewensqualitéit erhéijen.

Eng performant Fonction publique

De Gusty Graas huet sengersäits d’Wichtegkeet vun engem Staatsapparat ënnerstrach, dee gutt fonctionéiert. An deem Kader huet hien de Ressortminister Marc Hansen gelueft, well deen den Dialog mat den Acteuren a mat de Gewerkschafte sicht, fir verbleiwend Problemer ze léisen a fir d’Konditiounen um Terrain ze verbesseren.

De Gusty Graas huet awer och déi 1.850 zousätzlech Plaze begréisst, déi solle geschafe ginn, grad ewéi déi héich Investissementer an d’Formatioun an an d’Digitalisatioun, z.B. an den Ausbau vum Télétravail. Déi Mesurë géifen däitlech weisen, dass de Wëllen do wier, fir eng modern an effikass Fonction publique ze suergen.

Erausfuerderungen an der Gesondheetspolitik

D‘Carole Hartmann ass fir hiren Deel op d'Erausfuerderungen an der Gesondheetspolitik agaangen. De Budget setzt de Fokus jo op eng besser Formatioun vun de Medezinsstudenten hei am Land, op d'Digitaliséierung an op d'Revaloriséierung vun de Gesondheetsberuffer.

„Fir eise Gesondheetssystem z'entlaaschten, muss een awer méi wäit goen. Den Ausbau vum Secteur extrahospitalier, d'Fërderung vun de Cabinets de groupe an de Sport als Präventiounsmëttel si weider wichteg Punkten, déi mir behandele mussen“, esou eis Ost-Deputéiert vun Iechternach.


Pierre Gramegna

Eugène Berger

André Bauler

Gusty Graas

Carole Hartmann