Vous êtes ici

DP-Regionalkongresser sinn annuléiert

Actualités

De Corona Virus erfuerdert vun eis alleguerten e responsabelt Handelen. Mir sinn als ganz Gesellschaft gefuerdert fir déi vulnerabelst ënnert eis ze schützen. D‘Regierung huet eng ganz Rei Recommandatioune festgeluecht, déi Dir op https://sante.public.lu/ kënnt noliesen. Zu de Recommandatioune gehéiert och, datt Evenementer déi net musse stattfannen och net solle stattfannen.

Mir hunn dofir decidéiert eis Bezierkskongresser an och eis aner gréisser Evenementer, wéi den Ouschterpatt am Osten oder d‘Kniddeliessen am Norden bis op Weideres ofzesoen.

De Nationalkongress soll - Stand haut - wéi geplangt de 24. Mee stattfannen. Mir wäerten d‘Entwécklungen an de nächsten Deeg a Wochen am Ae behalen an Iech esou séier wéi méiglech informéieren.

Falls Dir Froen zu der Organisatioun vu Generalversammlungen, Kongresser oder aneren Evenementer hutt, kënnt Dir Iech bei eisem Sekretariat mellen.

Tel. : (+352) 22 10 21
Fax. : (+352) 22 10 13
E-mail : secretariat@dp.lu


Le coronavirus exige de nous tous que nous agissions de manière responsable. Nous sommes tous appelés à protéger les personnes les plus vulnérables. Le gouvernement a établi une série de recommandations que vous pouvez consulter sur https://sante.public.lu/. Parmi les recommandations figure la nécessitéde limiter les rassemblements de personnes.

Nous avons décidé d‘annuler nos congrès de circonscription et d‘autres événements comme le « Ouschterpatt » de la circonscription Est ou le « Kniddeliessen » de la circonscription Nord.

Le Congrès national aura lieu comme prévu le 24 mai, sauf si la situation exigerait une autre decision d’ici là. Nous suivrons l‘évolution de la situation pendant les prochaines semaines et reviendrons vers vous en temps utile.

Si vous avez des questions concernant l‘organisation d‘assemblées générales, de congrès ou d‘autres événements, vous pouvez contacter notre secrétariat.

Tel. : (+352) 22 10 21
Fax. : (+352) 22 10 13
E-mail : secretariat@dp.lu

Fichier attachéTaille
Icône PDF annulatioun_dp_evenementer.pdf55.48 Ko