Vous êtes ici

Debatt iwwert déi nohalteg Entwécklung zu Lëtzebuerg

Actualités Emploi Education Famille Politique sociétale Protection du climat et politique énergétique Aménagement du territoire et logement Médias et TIC Développement durable, nature et environnement Économie Max Hahn

Den Dënschdeg gouf um Krautmaart an enger Orientéierungsdebatt iwwert déi nohalteg Entwécklung vum Land diskutéiert. Am Kader vun der Aussschaffung vun engem „Plan national de développement durable“ hunn déi verschidde Parteie Stellung bezunn, wat fir si eng nohalteg Entwécklung bedeit.

Den DP-Deputéierte Max Hahn huet an deem Kontext ënnerstrach, dass Ëmweltschutz, de Kampf géint d’Äerderwäermung, erneierbar Energien, Ressourceschounung asw. e ganz wichtegen Deel sinn, Nohaltegkeet awer méi ass, wéi just dat:

„Wann z.B. dat Soziaalt drënner leid oder déi wirtschaftlech Entwécklung an déi demokratesch Partizipatioun ausgebremst ginn, da kann an eisen An net vun Nohaltegkeet riets sinn.

Fir eis als DP ass dowéinst kloer, dass d’Konzept vun der Nohaltegkeet och dës Aspekter berücksichtege muss. Fir eis heescht et net: dat eent géint dat anert auszespillen, mee déi verschidden Elementer intelligent, pragmatesch a konstruktiv mateneen ze verbannen! Mir brauchen dofir eng equilibréiert Politik, fir déi déi ënnerschittlech Besoinen net am Widdersproch stinn, mee déi et erméiglechen, dat eent an dat anert ënnert een Hutt ze kréien.“

Konkret bedeit dat, dass jiddereen déi selwecht Startchancen huet, fir am Liewen ze reusséieren an dass déi individuell Leeschtung honoréiert gëtt, sou de Max Hahn weider. Dass et keng Barrièrë gëtt, déi Leit opgrond vun Alter, Originen, Behënnerung asw. ausschléissen, mee dass Inklusioun am Alldag gelieft gëtt, och a besonnesch an enger digitaler Welt.

Dass mer eng Wirtschaft hunn, déi dréint, déi innovativ a produktiv ass, fir eisen héije Liewensstandard z’erméiglechen, ouni iwwer eise Verhältnisser an op Käschte vun den nächste Generatiounen ze liewen. Dass och déi Leit vun de Friichte vun dësem Wuelstand profitéieren, déi e mat erwirtschaft hunn, an dass mam wirtschaftleche Succès e Sozialsystem finanzéiert gëtt, dat kee fale léisst.

Nohaltegkeet ass dowéinst enk verbonne mat Gerechtegkeet: Chancegerechtegkeet, Leeschtungsgerechtegkeet, Generatiounegerechtegkeet a sozialer Gerechtegkeet.


Max Hahn