Vous êtes ici

De Commerce brauch elo méi an net manner Flexibilitéit

Actualités Emploi Place financière Politique sociétale PME Économie Carole Hartmann

„NOS COMMERCES, NOS EMPLOIS – NOTRE AVENIR !“ – dat ass den Titel vun enger rezenter Campagne vun enger Lëtzebuerger Gewerkschaft.

Mam Zil vun der Campagne si mir absolut averstanen! Den Handel ass e wichtegen Deel vun eiser Ekonomie. An déi sëllege kléng, mëttel a grouss Betriber garantéieren zéngdausende Leit hir Aarbecht.

Et sinn awer och dës Betriber, déi besonnesch vun der aktueller Kris betraff sinn. D'Regierung huet dofir alles gemaach, fir hinne wärend der Pandemie de Réck ze stäipen an esou Aarbechtsplazen ze retten. Ech denken un déi vill Direkthëllefen awer och un de Chômage partiel.

Onflexibel Reegelen erstécken d‘Betriber

Fir datt de Commerce sech nees erkritt – an och an Zukunft ville Leit eng sécher Aarbecht bitt – muss onbedéngt e gesetzleche Kader kommen, dee fir den néidege Fräiraum a genuch Flexibilitéit suergt. Also just de Géigendeel vu méi rigide Reegelen, déi de Betriber keng Loft zum Ootme loossen an déi si mëttel- a laangfristeg riskéieren z‘erstécken.

Méi flexibel Aarbechtszäite sinn net eleng eng Fuerderung vu ville Betriber selwer. Et ass och de Wonsch vu enger grousser Majoritéit vun de Salariéen.

D'Pandemie huet déi Tendenz nach eng Kéier verstäerkt. Dofir huet d‘DP schonn an hirem Walprogramm 2018 virgeschloen, eng Joresaarbechtszäit anzeféieren, déi all de Beschäftegte méi Flexibilitéit bidd. Natierlech soll d'Liewensqualitéit net dorënner leiden an déi maximal Aarbechtsstonne pro Dag a Woch sollen op alle Fall bäibehale bleiwen.

Keng Kollektivverträg imposéieren

Am Kader vun der genannter Gewerkschafts-Campagne gëtt e Kollektivvertrag fir kleng Betriber gefuerdert. Prinzipiell sti mir Kollektivverträg positiv géigeniwwer, wa se vu béide Säiten – also vum Patronat a vun de Salariéeë gedroe ginn.

Et ass awer net un der Politik, fir engem Secteur e Kollektivvertrag opzedrängen. Mir warne fir flächendeckend Kollektivverträg am Commerce anzeféieren. Rigid Verträg sinn dacks Gëft, an engem Secteur mat ganz ënnerschiddleche Besoine. Dat gëllt nach méi fir déi vill kleng Betriber, wou dacks just e Grapp voll Leit schafft. Onflexibel Kollektivverträg bidden do net net onbedéngt eng Verbesserung fir déi Beschäftegt.

 


Carole Hartmann