Vous êtes ici

Adaptéiert Dampmelder fir gehörlos Mënschen

Questions parlementaires Justice et sécurité Claude Lamberty Max Hahn

Den Dampmelder ass zanter dem 1. Januar zu Lëtzebuerg obligatoresch. Ma gehörlos Mënschen héiere keen Dampmelder a brauche méi deier iwwer Funk verbonnen adaptéiert Apparater. An dësem Kontext hunn eis Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty e puer Froen un déi zoustänneg Ministere gestallt. 

Fro: 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneministesch an un den Här Minister fir sozial Sécherheet weiderzeleeden:

„Den Dampmelder ass zanter dem 1. Januar an all Neibau zu Lëtzebuerg obligatoresch. Fir den Albau gëllt dat Gesetz jo eréischt vum 1. Januar 2023 un. D’Leit konnten e Melder fir näischt op den Inneministère oder op hir Gemeng siche goen.

Gehörlos Mënschen héieren een Dampmelder schlecht oder guer net. Deemno bréngt en normalen Dampmelder hinnen näischt. Um Marché ginn et awer adaptéiert Apparater fir déi Leit. Iwwer Funk kann een zwee verschidde Modeller mam Dampmelder vernetzen: Daagsiwwer ass et eng Blinkanlag, déi eng hörlos Persoun alarméiert, an der Nuecht ass et ë Këssen, dat bei Feier oder Damp vibréiert. Änlech Apparater ginn et fir de Babyfon, de Wecker oder fir d’Schell un der Dier. An Däitschland iwwerhëlt d’Krankekeess déi speziell Apparater zanter 2014, wann eng Ordonnance vum Dokter virläit. An dem Kontext géinge mir den zoustännege Ministere gäre folgend Froe stellen :

  1. Kennen d’Ministeren de Problem an déi respektiv Léisungen?
  2. Wa jo, wéi eng Méiglechkeet hunn déi betraffe Leit zu Lëtzebuerg ? Wou kënne si sech informéieren?
  3. Gesäit d‘CNS de Remboursement vun esou Apparater vir? Wa jo, gi se ganz rembourséiert ?
  4. Wann net, kéint esou e Remboursement agefouert ginn?

Mat déiwem Respekt,                           

Max HAHN                    Claude LAMBERTY
Deputéierten                  Deputéierten

 

Gemeinsam Äntwert vun der Madame Inneministesch, Taina Bofferding, a vum Här Minister fir d’sozial Sécherheet, Romain Schneider, op d’parlamentaresch Fro n° 2007 vun den honorabelen Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty iwwert d’Dampmelder fir daf Leit

Mam Akraafttriede vum Gesetz vum 6. Dezember 2019 betreffend d’obligatoresch Installatioun vun Dampmelder, muss all Persoun säit dem 1. Januar 2020 mindestens een Dampmelder Doheem an all Wunnraum, sou wéi de Fluchtweeër installéiert hunn. Dëst fir d’Sécherheet vun der ganzer Famill.

An deem Kader konnt all Communauté domestique op d’Gemeng oder bei den Inneministère e gratis Dampmelder siche goen. Während der Home & Living Expo konnte weider Dampmelder un d’BiergerInnen verdeelt ginn.

D’Inneministesch ass vun der Asbl “Solidarität mit Hörgeschädigten” mam Problem befaasst ginn, datt déi Dampmelder déi verdeelt gi sinn, net adaptéiert si fir BiergerInnen déi schlecht oder guer net héieren.

D’Regierung ass sech dëser Situatioun bewosst a kennt och déi verschidde Modeller déi et un Dampmelder ginn.

De Moment kënnen dës spezifesch  Apparater nach net vun der Fleegeversécherung iwwerholl ginn.

Allerdéngs gouf awer an enger 1. Etapp analyséiert, ob an a wéi enge Konditiounen déi speziell Dampmelder kënnen iwwerholl, bzw finanzéiert ginn, am Respekt vun den aktuelle gesetzlechen Dispositiounen an Obligatiounen.

An dem Kontext goufen et schonn Échangen tëschent de betraffene Ministèren a Verwaltungen, déi solle weidergefouert gi fir eng definitiv Léisung ze fannen.

Fir datt d’Fleegeversécherung dës Dampmelder kéint iwwerhuelen, misst op Säite vun der sozialer Sécherheet d’Legislatioun adaptéiert ginn, méi genau d’Annexe vum ofgeännerte groussherzogleche Reglement vum 18. Dezember 1998 fixant les modalités de la détermination de la dépendance.

Vun der Fleegeversécherung kéinten dann d’Geräter fir déi Bénéficiairen en Charge geholl ginn, déi ënnert den Artikel 2 vun dësem Reglement falen:

 « Toute personne dont la capacité auditive de la meilleure oreille avec correction par appareillage permanent et/ou implant cochléaire - à moins que cette correction ne puisse être réalisée - est réduite de plus ou égale à 75 dB en audiométrie tonale, ou qui présente un seuil d'intelligibilité égal ou supérieur à 70 dB en audiométrie vocale en champ libre, a droit à une prise en charge forfaitaire de 361 minutes par semaine. »


Max Hahn

Claude Lamberty