Vous êtes ici

3 Froen un den André Bauler iwwert d’„12èmes provisoires“: Eng Zort Iwwergangsbudget

Actualités Place financière André Bauler

Den DP-Deputéierten André Bauler ass de Mëtteg Rapporter vum Gesetz iwwert de provisoresche Staatsbudget fir d’Period vum 1. Januar bis den 30. Abrëll vum kommende Joer.

André Bauler, wat huet et mat deene sougenannten „12èmes provisoires“ op sech?

D'Waljoer 2018 huet de klassesche Budgetskalenner op d’Kopp gehäit. Bekanntlech gëtt de Gesetzprojet fir de Staatsbudget an der Reegel am Oktober vum Joer virdrun an der Chamber deposéiert. E gëtt dann am Dezember am Parlament gestëmmt. Well awer am Oktober gewielt ginn ass, imposéiert déi al Regierung der neier Regierung net einfach e Budget, ma léisst hir Sputt fir direkt hir eegen Akzenter am éischte Joer ze setzen. t’ass einfach net méiglech, fir esou séier e fuschneie Budget ze ficeléieren.

T’geet also och drëms, fir den normale Fonctionnement vum Staat ze garantéieren?

Jo, genee ewéi 2013, gëtt dofir op déi aussergewéinlech Prozedur vun den „12èmes provisoires“ zeréckgegraff. Domat ginn déi lafend Ausgabe gedeckt, z.B fir d’Paien, d’Pensiounen, d’Fonctionnementsdepensen oder déi aktuell Infrastrukturaarbechten.

Wéi gesinn déi „12èmes provisoires“ da konkret aus?

Et gëtt sech op dee leschte gestëmmte Staatsbudget baséiert, fir de maximale Montant vun de Kreditter festzeleeën, déi wärend dëser Iwwergangszäit kënnen ausbezuelt ginn.

An dat ass d’Period vum 1. Januar bis den 30. Abrëll 2019, also 4/12tel oder 1/3tel vum Joer.

Et ass eng Zort Iwwergangsbudget, bis mir d'nächst Fréijoer am Parlament iwwer de Rescht vum Budget ofstëmmen, deen déi nei Regierung bis dohinner virgeluecht huet.

 


André Bauler