Vous êtes ici

„Loosse mer eis de Friddensplang Europa net zerstéieren.“

Actualités Politique étrangère et de sécurité Gusty Graas

A senger Ried zur aussepolitescher Debatt e Mëttwoch an der Chamber, ass de Gusty Graas ënner anerem ob d'Errongenschaften an déi grouss Defie vun der Europäescher Unioun agaangen.

Wéi viru 60 Joer de Grondstee fir d'Europäesch Unioun geluecht gouf, huet Lëtzebuerg an der éischter Rei gestanen, fir als ee vu 6 Grënnungsmember Europa nei Perspektiven ze ginn.

Den Deputéierte Gusty Graas huet déi läscht 60 Joer an Europa als dat schéinsten a flottste Kapitel ervirgehuewen, dat jee geschriwwe ginn ass. Europa hätt déi läscht Joerzéngten ouni Bommen an ouni Krich gelieft: aus enger Illusioun wier eng Realitéit ginn. Europa wier haut e Raum vu Fridden, Wuelstand a Fräiheet, mee et wiere ganz kloer Rëss am Haus Europa ze erkennen.

„De Brexit huet ouni Zweiwel en Äerdbiewen an der Europäescher Unioun ausgeléist.

No der Entscheedung vum britesche Vollek, fir aus der Europäescher Unioun auszetrieden, sollen d’Verhandlunge fair a mat klore Konditiounen iwwer d'Bühn goen. Och déi kommend Wahlen a Frankräich wäerte fir d'Zukunft vun Europa vu Bedeitung sinn an de Gusty Graas hofft, dass Mënschen, déi hannert dem europäesche Projet stinn, d'Wahle gewannen. Den allgemenge Rietsruck an Europa an de Wonsch vu verschiddene Politiker, der europäescher Villfalt de Réck zouzedréien, maachen dem Deputéierte Suergen.

D'Europäesch Unioun hätt awer net just mat Suergen ëm seng eege Memberstaaten ze dinn, esou de Gusty Graas. D'Tierkei géif der Europäescher Unioun de Moment Kappzerbrieches bereeden. Der Tierkei hier aktuell Positioun wier mat de Wäerter vun der Europäescher Unioun net vereenbar an d'Europäesch Unioun misst sech ob eng gemeinsam Strategie géigeniwwer der Tierkei eenegen. Wéi och an de Bezéiunge mat den USA sollt een negativ Perspektiven awer net als Grond gesinn, wichteg Bezéiungen ofzebauen. Och am Syrienkonflikt misst d'Europäesch Unioun gemeinsam eng Zukunftsvisioun fir Syrien ob de Wee bréngen.

Net nëmmen am noen Osten, mee och ob der koreanescher Hallefinsel entwéckelt sech e geféierleche Konflikt. An engem vun den äermste Länner vun der Welt, nämlech a Nordkorea, gëtt vun der Regierung mat Waffe gespillt a leider brénge Sanktiounen de Moment näischt. D'USA missten elo méi Haltung beweisen a virun Allem den Dialog mat China sichen.

Ofschléissend huet de Süd-Deputéierte bemierkt datt d'Welt  iwwert déi läscht Joer net méi sécher ginn, an trotzdem sollt een net zum Fatalismus tendéieren. Lëtzebuerg hätt eng kleng Stëmm, mee eng Stëmm déi gehéiert gëtt. Deemno wäert Demokratesch Partei och weiderhin hannert dem Kurs vun der Regierung an der Aussepolitik stoen.

 

view video on chd.lu


Ried vum Gusty Graas

 


Gusty Graas