Sie sind hier

Sven Bindels

Sven Bindels : 18.05.1979

De Sven Bindels huet 38 joer a wunnt mat senger fresch bestuedte Fra zu Mamer.

De Sven schafft bei Post Technologies an ass do zoustänneg fir d\'Coordinatioun an d\'Iwerwaachen vun de Glasfaserchantieren.

No sengem gudde Resultat bei de Landeswahlen 2013 (6. Gewielten) ass hien 2015 President vun der Sektioun Mamer ginn.

Vun 2007 un, paifft de Sven an der BGL-ligue an seit 2011ass hien FIFA-arbiter.

An senger Fräizäit mecht hien gären Sport (lafen, Velo a Fitness), trefft Frënn a Famill a reest gär.

D\'Passioun fir de Sport dreift de Sven och als Member vun der Sportskommissioun un. Do ass hien fir de Mamer Laftreff zoustänneg an ass am Gang divers \'Parcours Josy Barthel\' auszelafen.

Als Member vun der Demokratescher Partei mecht de Sven sech staark fir Leit durch de Sport a Bewegung zesummen ze brengen, fir Toleranz a Fridden ze erhaalen. Méi sozial Gerechtegkeet ass him och dobäi wichteg.

Desweideren setzt hien sech fir Ëmwelt an, an dass Liewensqualitéit vun all Bierger an der Gemeng garantéiert get.

Als President a Spëtzekandidat vun der DP-Sektioun Gemeng Mamer setzt hien sech fir eng éierlech a biergernoh Gemengepolitik an.