Sie sind hier

Lucien Thill

Éierendirekter vum Escher Jongelycée
Vizepresident Rout Kräiz Dippech
68 Joer, Sprénkeng

 

De Lucien Thill huet 68 Joer a wunnt mat senger Fra zu Sprénkeng.

Hien huet 2 Kanner an ass stolze Grousspapp vu 4 Enkelkanner.

De Lucien ass vu Formatioun Däitsch- a Geschichtsproff a war 20 Joer laang an der Direktioun vum Lycée de Garçons Esch, dovun 8 Joer als Directeur adjoint an 12 Joer als Direkter. Haut genéisst hien als Directeur honoraire vum LGE seng Pensioun.

Zu sengen Hobbyen zielen niewt dem Liesen, Reesen a Wanderen och d'Fotografie a säi Gaart. Hie verbréngt gär vill Zäit mat sengen Enkelkanner.

D'Passioun fir säi Beruff dreift de Lucien och als Member vun der Schoulkommissioun un. 

Als Member vun der Demokratescher Partei mecht de Lucien sech staark fir eng gesond a propper Ëmwelt, fir méi sozial Gerechtegkeet a fir eng effikass an zäitgerecht Erzéihungspolitik am Interêt vun eise Kanner. Toleranz a Fridden, déi net ëmmer selbstverständlech sinn, mussen och weiderhin erhale bleiwen, fir dass all Bierger déi héchst méiglech Liewensqualitéit garantéiert ka kréien.

Als President vun der DP-Sektioun Gemeng Dippech trëtt de Lucien fir des Wäerter an, ëmmer am Respekt vu de liberale Wäerter an den humanistesche Grondlagen vu senger Partei.