Sie sind hier

Jessica Klopp

D’ Jessica Klopp huet 30 Joer an ass säit 15 Joer politesch aktiv. Ugefaangen huet alles mat der JDL Mamer, iwwert JDL Süden, National, Exekutiv bis elo hin zur DP.

Säit 2016 ass hatt Sekretärin vun der Sektioun Mamer.

Hatt schafft säit September 2016 zu Stroossen an der Ecole fondamentale. An senger Fräizäit ass hatt der Musek verfall.

Nieft senger Famill a senger Bezéiung, déi ëmmer un éischter Platz stinn, sinn him seng Frënn a sozial Kontakter immenz wichteg.

D’Jessica ass e ganz oppenen a liewensfroue Mënsch a mat deene Qualitéiten engagéiert hatt sech och an der Politik. Him läit, wéi säi Beruff et viraussetzt, d’Educatioun vun de Kanner ganz staark um Häerz, hir Integratioun am Duerfliewen an hir Familljesituatioun. Di Jonk an d’Zesummeliewen am Duerf däerfen awer och net ze kuerz kommen.

„An eiser multikultureller Gemeng soll keen ze kuerz kommen: Jonk an Aal, Lëtzebuerger an auslännesch Matbierger, Fra a Mann. Ech setze mech fir d’Liewensqualitéit vun eis all an!“