Sie sind hier

Subsides pour les clubs sportifs

Parlamentarische Fragen Sport und Freizeit Claude Lamberty Carole Hartmann

Depuis quatre ans, les clubs sportifs bénéficient de "subventions de base" et de "subventions qualité +" lorsqu'ils forment de jeunes athlètes licenciés jusqu'à l'âge de 16 ans. L'objectif de ces subventions étant d'avoir des entraîneurs de qualité, nos députés européens Carole Hartmann et Claude Lamberty ont saisi l'occasion pour poser quelques questions au ministre des sports.

Question:

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden:

„Zanter bal véier Joer ginn et elo de „Subside de base“ an de  „Subside Qualité +“ fir d’Sportsveräiner, déi lizenzéiert Sportler bis 16 Joer trainéieren. De Montant vun der finanzieller Ënnerstëtzung ass un d’Ausbildungskrittäre vum Trainer geknäppt, wat en Ureiz fir déi lokal Veräiner ass, fir op eng qualitativ héichwäerteg Betreiung vun de jonke Sportler ze setzen.

An deem Kader wollte mir dem Här Sportminister gäre folgend Froe stellen :

Kann den Här Sportminister eis d’Zuel vun den Demande fir de „Subside de base“ an de „Subside Qualité +“ fir d’Joer 2020 matdeelen?

Wéi laang mussen d'Veräiner an der Moyenne waarde bis si d'Suen iwwerwise kréien?

Wéi gesäit den allgemenge Bilan no véier Joer aus? Konnt een d'Veräiner duerch d'Subsiden dozou incitéieren, fir méi op forméiert Trainer an der Jugendausbildung ze setzen?

Kann de Minister eis op Basis vun den Demande soen, wéi vill Trainer de Moment am Jugendberäich aktiv sinn an eng Qualifikatioun um Niveau EQF3, EQF2 an EDF1 (European Qualifications Framework) hunn?

Gesäit de Ministère d'Noutwennegkeet fir d'Modalitéiten an de Montant vun deenen zwee Subsiden unzepassen? Wa jo, wéini?“

Mat déiwem Respekt,

Carole HARTMANN             Claude LAMBERTY
Deputéiert                          Deputéierten

 

Äntwert vum Dan Kersch, Sportsminister, op d’parlamentaresch Ufro N°3435 vun den honorabelen Deputéierte Claude Lamberty a Carole Hartmann iwwer de Subside de base an de Subside qualité + fir Sportsveräiner.

 

D’Froe vun den honorabelen Deputéierte beschäftege sech mam "Subside de base" an dem "Subside qualité+", déi alle béid iwwer dat an Tëschenzäit ofgeännert groussherzoglecht Reglement vum 23. Dezember 2016 agefouert goufen.

Fir d’Joer 2020 sinn am Ganzen 352 Demanden erakomm, déi en Total vu 26.918 Kanner betraff hunn, a wouvu 34 Veräiner just e “Subside de base” ugefrot hunn.

Den Délai fir dës Demanden eranzereechen ass 2020, bedéngt duerch d’Coronakris, vum 15. Juli op den 30. September, iwwer eng Upassung vum Reglement, verlängert ginn. Esou hunn d’Veräiner méi Zäit kritt, fir hir Demande "en bonne et due forme" anzereechen. Dës "Date limite" wäert och weiderhi gëllen.

Déi éischt Veräiner deenen hir Demandë komplett waren an de Critèren entsprach hunn, sinn den 20. November ausbezuelt ginn, well den Délai muss ofgewaart gi fir kënnen nozevollzéie wéi vill Kanner a méi wéi engem Veräi sinn, wat jo eng Auswierkung op de Montant vum Subside huet. Bis elo kruten 301 Veräiner am Ganzen 377.977 Euro u “Subside de base” an 2.933.450 Euro u “Subside qualité+” ausbezuelt. Well, gemäss dem Reglement, d’Veräiner nach bis den
1. Mäerz Diplomer vun Trainer noreesche kënnen, an esou hiren Dossier nach complétéiere kënnen, sinn d’Berechnunge fir 2020 nach net ofgeschloss.

4 Joer no der Aféierung am Joer 2017 vum “Subside qualité +”, kann ee mat Sécherheet soen, datt vill Veräiner op eng qualitativ héichwäerteg Trainer- a Jugendausbildung setzen. Entspriechend huet sech d’Demande fir Trainerformatiounen an deene leschte Jore staark entwéckelt: vun 2016 bis 2019 huet sech d’Unzuel u Kandidaten déi vun der ENEPS, a Kooperatioun mat de Sportsfederatiounen, ausgebilt gi sinn, vun 219 op 388 pro Joer erhéicht, wat enger Augmentatioun vu 77 Prozent entsprécht. Ze notéieren ass, datt d’Zuele vun 2019 méi aussokräfteg sinn, wéi covidbedéngt déi vun 2020, woufir mir d’Zuele vun 2019 gebraucht hunn, fir den Impakt vum entspriechende Subside ze weisen. Zousätzlech huet de “Subside qualité+” e groussen Impakt op d‘Homologatiounsdemandë vun Trainer déi hir Qualifikatioun am Ausland gemaach hunn. Waren et der 2016 nach nëmme 36, sou huet sech d’Unzuel op 194 am Joer 2020 erhéicht (+538%).

Wat d’Fro no der Unzuel u qualifizéierten Trainer déi am Jugendberäich aktiv sinn ugeet, beschränke sech d’Zuele vum Sportsministère just op déi Informatiounen, déi eis opgrond vun de Subsidendemandë virleien. An deem Kader kënne mir soen, datt 335 Trainer eng EQF1 Qualifikatioun hunn, 315  Trainer eng EQF2 Qualifikatioun an 978  Trainer en EQF3 oder méi een héijen Ofschloss hunn. An deem Kontext kann een awer bemierken, datt de Sportsministère 2020 eng Etüd mam STATEC duerchgefouert huet, fir méi ee komplett Bild ze kréien, wéi vill Trainer an administrativ Kräften an de Veräiner täteg sinn. Dës Etude wäert am Laf vun dësem Joer nach publizéiert ginn.

Wat elo eng eventuell Upassung vun de Modalitéiten, spriech de Montant vun deenen zwee Subsiden, ubelaangt, esou kann een dat eréischt maachen, wann een de Bilan vun deem ganze System gemaach huet, eng Aufgab fir de “Conseil supérieur des Sports”. Wat awer lo scho ka gesot ginn ass, datt, sou wéi de Koalitiounsaccord et virgesäit, déi envisagéiert Modifikatioune kohärent zum neie groussherzogleche Reglement vun der Trainerausbildung wäerte sinn.

 


Carole Hartmann

Claude Lamberty