Sie sind hier

Port du masque dans les transports en commun

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Mobilität und Verkehr Max Hahn

Le port du masque dans les transports publics étant obligatoire depuis avril, le député du DP Max Hahn a voulu savoir du ministre compétent si des contrôles réguliers sont effectués et si oui quelles en seraient les résultats.

Question

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden:

« Et ass mir scho méi dacks zu Oueren komm, respektiv ech hunn et selwer erlieft, dass ëmmer nees Leit d’Obligatioun eng Mask am ëffentlechen Transport unzedoen an déi och wärend dem ganzen Trajet unzehalen, net respektéieren.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

  • Gehéiert et zu den Aufgabe vun den Zuchbegleeder d’Clienten op d’Maskeflicht hinzeweisen ?
  • Falls jo, dierfen d’Zuchbegleeder Passagéier déi sech net drun halen, op iergend eng Manéier sanktionéieren ?
  • Falls net, op wéi eng Manéier gedenkt den Här Minister de Respekt vun der Maskeflicht an den Zich duerchzesetzen ?
  • Gi reegelméisseg Stéchprouwen an de Busser gemaach, fir de Respekt vun der Maskeflicht ze kontrolléieren ?
  • Wa jo, wat ass d’Resultat vun dëse Kontrollen ?
  • Huet den Här Minister Donnéeën iwwer d’Heefegkeet vu sou Virfäll, wou e Passagéier sech net un d’Maskeflicht gehalen huet ? »

Mat déiwem Respekt,

 

Max HAHN

Deputéierten

 

Äntwert vum Här François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, op d’parlamentaresch Fro n° 3189 vum 23. November 2020 vum honorabelen Deputéierte Max Hahn zum Sujet „Non-respect du port d’un masque dans les transports publics“

D’Zuchpersonal ass ugewisen, fir wärend den Kontrollgäng an den Zich sécherzestellen, dass all Passagéier d’Maskeflicht respektéiert.

Onglécklecherweis profitéieren awer verschidden Passagéier fir nom Passage vum Kontroller hir Mask erëm erofzehuelen. Wann d’CFL-Personal feststellt, dass ee Client ouni Mask am Zuch sëtzt, gëtt dësen onverzüglech gebieden d’Mask erëm unzedoen. Am Fall vun engem Non-respect fir dëser Fuerderung nozekommen, huet d’Zuchpersonal d’Méiglechkeet fir de Passagéier aus dem Zuch ze verweisen.

Dem Zuchpersonal ass et rechtlech nët erlaabt d’Passagéier ze sanktionéieren. Dës Méiglechkeet ass der Police an der Douane virbehalen, déi onugekënnegt an a regelméissegen Ofstänn Kontrollen am ëffentlechen Transport duerchféiert.

An dem Zesummenhang huet d’CFL zesummen mat der Douane bis ewell un 10 Deeg an an 49 verschiddenen Zich Kontrollen organiséiert an et sinn 15 taxéiert Avertissementer ausgestallt ginn.

Am Kader vun engem Kontroll an der Gare Lëtzebuerg sinn 65 taxéiert Avertissementer geschriwwe ginn.

Zesummen mat der Police huet d’CFL u 4 Deeg an 34 verschiddenen Zich verstäerkt kontrolléiert, woubei keen taxéierten Avertissement huet missen ausgestallt ginn.

Insgesamt sinn bei dësen Kontrollen an den Zich 5 192 Leit kontrolléiert ginn.

Do dernieft ginn et keng weider Donnéeën, wou d’Passagéier am Zuch sech net un d’Maskeflicht gehalen hunn.

 


Max Hahn