Sie sind hier

Moins d'oiseaux morts grâce à une peinture spéciale des éoliennes?

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

Dans une étude récente des chercheurs norvégiens ont trouvé que le nombre d'oiseaux entrant en collision avec une éolienne pourrait être réduite de 70% en appliquant une peinture différente à une des pales de rotor. Le député du DP Max Hahn s'est renseigné auprès des ministres compétents s'ils étaient au courant de cette étude et, le cas échéant, cette idée pourrait être appliquée également au Luxembourg.

Question

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an un den Här Minister fir Energie weiderzeleeden:

« Ee vun de Kritikpunkten, deen ëmmer nees un der Wandenergie formuléiert gëtt, ass deen, dass duerch d’Wandrieder vill Vullen zu Dout kommen.

E rezent Experiment vu Forscher aus Norwegen huet elo gewisen, dass d’Unzuel u Villercher, déi duerch d’Kollisioun mat engem Rotorblat stierwen, ëm 70% rofgeet, wann ee Rotorblat an enger anerer Faarf wéi déi zwee aner ugestrach gëtt, well d’Déieren d’Hindernis sou besser erkennen.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Här Minister fir Energie folgend Froe stellen:

  • Sinn d’Madamm an den Här Minister au courant vun dësem Experiment ?
  • Sinn d’Madamm an den Här Minister der Meenung, dass et sënnvoll wier, dës einfach Léisung och zu Lëtzebuerg z’applizéieren ?
  • Wa jo, ass virgesinn d’Bedreiwer ze verflichten, dës Mesure op all aktuellen an zukünftege Wandrieder unzewenden ?
  • Sinn d’Madamm an den Här Minister der Meenung, dass dës Mesure en negativen Impakt op d’Wuelbefanne vun de Leit an d’Akzeptanz vun Wandrieder kéint hunn ? »

Mat déiwem Respekt,

Max HAHN
Deputéierten

 

Äntwert vun der Ministesch fir Ëmwelt, Klima a nohalteg Entwécklung an dem Minister fir Energie op d’parlamentaresch Fro n°2940 vum 2. Oktober 2020 vum éirewäerten Deputéierten Här Max Hahn iwwert den “Impact des éoliennes sur la mortalité des oiseaux”

Dem éirewäerten Deputéierte seng Froe ginn an der parlamentarescher Fro n°2719 beäntwert.

 

Äntwert vun der Ministesch fir Emwelt, Klima a nohalteg Entwécklung an dem Energieminister op d’parlamentaresch Fro n°2719 vum 2. September 2020 vum honorabelen Deputéierten Här Max Hahn iwwert Wandturbinnen am Süde vum Land

Préalabel Remarque:

Bis ewell ass den Dossier vum Wandpark Südwand an der Prozedur vun der EIE (Évaluation des incidences sur l’environnement), déi nach net ofgeschloss ass. Bei enger EIE-Prozedur ginn d’Effekter vun engem Projet op d’Schutzgidder analyséiert. Geneemegunge zum Wandpark Südwand sinn nach keng ugefrot ginn.

Wéi eng Impakter huet dëse Projet op d’Natur, d’Landschaft, d’Liewensqualitéit an op de Verbrauch vu Ressourcen?

Am Kader vun der EIE vum erwähnte Projet si verschidden Ënnersichungen gemaach ginn, an zwar souwuel op Basis vun de Krittäre vum Naturschutz wéi op Basis vun de Krittäre vum Kommodosgesetz.

Aktuell ass nach nët gewosst, wéi den zréckbehalenen Projet definitiv wäert insgesamt ausgesinn. Wat di méiglech Impakter betrëfft, läit mam Ofschloss vun der EIE een Dokument vir, dat eng Ausso zu dësen Impakter trëfft an eng Reih vu Moossnahme proposéiert fir déi Impakter ofzeschwächen, voire ze annuléieren.

Wéi gesäit d’Geneemegungsprozedur vun all eenzel Wandmillen aus?

Wéi ass de Stand vun der Geneemegungsprozedur fir all eenzel Wandmillen?

Sollt et zu Problemer bei der Geneemegungsprozedur komm sinn, ëm wéi eng handelt et sech da konkret fir all eenzel Wandmillen?

Geneemegunge zum Wandpark Südwand sinn nach keng ugefrot ginn.

Wat sinn déi genee Mesuren, déi den Här Minister fir Energie an d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dësem Fall ënnerhuelen, fir déi Problemer ze léisen?

D’EIE-Prozedur, déi de Geneemegungsprozeduren virgeschalt ass, ass ënnert anerem dofir do, fir potentiell Problemer am Virfeld ze identifizéieren. Dat ass och hei de Fall: d’EIE-Prozedur ass awer nach net ofgeschloss. Och wann d’Ministèren an d’Verwaltungen berodend bäistinn, sou hänken déi final Mesuren dovunner of, wéi eng Standuerter vum Demandeur, an desem Fall der Sudwand S.A. agereecht a fir de Wandpark zréckbehale ginn. Zu de Mesuren fir de Betrib vu Wandturbinnen kënnen ënnert anerem Konditiounen zur Chantiersphase an oft och spezifesch Ofschaltzäiten fir den Emweltschutz an der Exploitatiounsphase gehéiren.

Sinn den Här Minister fir Energie an d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung bereet, fir den Dialog mat de Bierger aus dëse Südgemengen opzehuelen an eng Rei Froe mat hinnen am Kader vun enger weiderer Informatiounsversammlung ze klären, fir esou kënnen d’Bedenke vun der Bevëlkerung am direkte Gespréich unzeschwätzen?

D’Gesetz gesait net vir, datt d’Ministèren een aktive Rôle an der Enquête publique spillen. Et ass awer begréissenswert, wann de Bauhär reegelméisseg iwwert de Projet informéiert.

Wandturbinne sinn ee Kommodo-Betrib vun der Klass 1, dat heescht den Dossier, inklusiv d’EIE, gëtt dem Public am Kader vun der Kommodo-Prozedur accessibel gemeet. Dëst ass eben eent vun den Ziler vun dëser “Enquête publique”, nämlech datt d’Leit sech a Rou an am Detail eng Demande kënnen ukucken an hir Meenung zum Projet soen.

Déi zoustänneg Ministère sinn a regelméissegem Austausch mam Demandeur, fir datt all noutwenneg Informatiounen an Étuden am Kader vun de Geneemegungsprozeduren geliwwert ginn.

Awänn a Bedenken, déi am Kader vun där Prozedur erakommen, gi virun enger eventueller Geneemegung gepréift, esou wéi d’Gesetz dat virgesäit. An enger eventueller Geneemegung geet dee fir Ëmwelt zoustännege Minister op all déi Awänn a Bedenken an.


Max Hahn