Sie sind hier

News Xavier Bettel

Etat de la Nation: Virreiderroll am Klimaschutz an net op der Brems stoen

En Dënschdeg huet de Premier Xavier Bettel an der Chamber déi wirtschaftlech, sozial a finanziell Situatioun vum Land presentéiert. De Klimawiessel war de Schwéierpunkt vum Etat de la Nation 2019.

News Tribune libre Familie Max Hahn

Zivil Hochzäiten och baussent de Gemenge méiglech maachen

A senger Tribune libre geet de Max Hahn op déi zivil Hochzäiten an.

News Bildung Gilles Baum

D’Chamber huet déi nei Modalitéite vum Stage an der Educatioun gestëmmt

Dës Woch goung et um Krautmaart ëm d'Modalitéite vum Stage an der Education nationale. De President vun der Educatiounskommissioun a Rapporteur vum Gesetz, de Gilles Baum, huet den Text am Plenum virgestallt.

News Finanzen Steuern Pierre Gramegna

Steierreform 2.0: D’Mesurë ginn dëst an dat anert Joer ausgeschafft

An der annoncéierter Steierreform ginn Neel mat Käpp gemaach, dat hat de Pierre Gramegna gëscht annoncéiert. 2020 wier dobäi e "kruziaalt Joer“, fir d’Reform ze preparéieren.

News Arbeit Gemeinden Landesplanung und Wohnen Wirtschaft Lex Delles

Pakt „Pro Commerce“: Pilotprojet vum „Cadastre de commerce“ am Hierscht

An enger Question élargie stoung e Mëttwoch d’Dynamiséierung vum Commerce an de Stad- an Uertschaftskären.

News Arbeit Bildung Familie Gesellschaft Klimaschutz und Energie Landesplanung und Wohnen Medien und ICT Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Wirtschaft Max Hahn

Debatt iwwert déi nohalteg Entwécklung zu Lëtzebuerg

Wéi kënne mer eist Land méi nohalteg gestalten? Am Kader vun enger Orientéierungsdebatt an der Chamber huet den DP-Deputéierte Max Hahn ënnerstrach, dass nohalteg Entwécklung méi ass wéi Ëmwelt- a Klimaschutz: Eng nohalteg Gesellschaft ass eng inklusiv Gesellschaft, an där jiddereen déi selwecht Chancen huet, seng Ziler am Liewen ze verwierklechen.

News Frank Colabianchi Lydie Polfer Joëlle Elvinger Guy Arendt André Bauler Gilles Baum Simone Beissel Eugène Berger Max Hahn Carole Hartmann Gusty Graas

Bilan vun der DP-Fraktioun: Manner Quantitéit, ma méi Qualitéit!

Fir d’DP-Fraktioun ass d’Qualitéit vun der parlamentarescher Aarbecht méi wichteg, wéi d’Quantitéit, och wann d’Majoritéit déi lescht 6 Méint schonn eng Hellewull un Texter ëmgesat huet.

News Tourismus Lex Delles

#vakanzdoheem: Sech vun der Schéinheet vu Lëtzebuerg iwwerrasche loossen!

Am Kader vun der Strategie „Tourismus 2022“, huet de Ressortminister Lex Delles eng nei Campagne lancéiert, fir den Tourismus heiheem mat enger Partie Sensibiliséierungsactiounen ze promouvéieren.

News Medien und ICT Eugène Berger

#digitalChance: d'Digitalisatioun an den Déngscht vum Mënsch stellen

D'Digitaliséierung war e Mëttwoch de Mëtten dat grousst Thema um Krautmaart. An enger Konsultatiounsdebatt hunn d'Deputéiert iwwer d'Chancen an d'Erausfuerderungen diskutéiert, déi mat den digitalen Technologië verbonne sinn. Den DP-Fraktiounspresident Eugène Berger huet an deem Kader ënnerstrach, dass déi nei Technologien an éischter Linn am Déngscht vum Mënsch stoe missten – net ëmgedréint.

News Gemeinden Landesplanung und Wohnen Max Hahn

Max Hahn: „Et ass net normal, dass verschidde Gemengen hir eege Bauterrainen un den Héchstbiddende versteeën!“

Eisen Deputéierte Max Hahn huet dëse Mëttwoch an der Chamber ënnerstrach, dass d'Gemengen an Zukunft sollten eng méi wichteg Roll beim Schafe vu bezuelbarem Wunnraum spillen.

Dofir sollten si wa méiglech hir eege Bauterraine viabiliséieren a se net un den Héchstbiddende verkafen, fir d'Präisser esou net mat an d'Luucht ze dreiwen.

News Landwirtschaft und Weinbau Gusty Graas

Méi Biolandwirtschaft ass gutt fir d’Ëmwelt

Am Kader vun enger Orientatiounsdebatt an der Chamber huet den DP-Deputéierte Gusty Graas gefuerdert, datt d’Biolandwirtschaft muss nach méi ënnerstëtzt ginn, well hir Produktioun besonnesch schounend mat eisen natierleche Ressourcen ëmgeet. Hien huet awer och betount, datt et zu Lëtzebuerg net em „de gudde Bauer“ oder „de béise Bauer“ géing, ma em de Bauer u sech!

News Tribune libre Gemeinden Eric Thill

D'Nordstad muss vun de Mënsche matgedroe ginn!

A enger Tribune Libre um Radio befaasst den Eric Thill sech dës Woch mat der Entwécklung an den Erausfuerderunge vun der Nordstad.

De President vun der DP-Norden a Schäffe vu Schieren schwätzt sech a sengem Bäitrag dofir aus, datt d'Mënschen aus de concernéierte Gemenge musse mat an de Entwécklungsprozess vun der Nordstad agebonne ginn an de Projet och matdroen. D'DP steet hannert de Fusiounsgespréicher vun de 5 Gemengen, déi elo ufänken.

News Arbeit Gesellschaft Max Hahn Carole Hartmann

REVIS/Mindestloun: Sozialpolitik, do wou se gebraucht gëtt

An der Chamber sinn dës Woch zwou wichteg Upassunge gemaach ginn, déi de REVIS an de Mindestloun betreffen. D’DP ënnerstëtzt déi Erhéijungen, well se wichteg fir déi sozial Gerechtegkeet sinn a well se och bei deene Mënschen ukommen, déi se am meeschten néideg hunn.

News Gesellschaft Medien und ICT Staat und Öffentlicher Dienst Marc Hansen

Digital Verwaltung: éischt konkret Projete virgestallt

D’Digitaliséierung notzen, fir de Leit d’Liewe méi einfach ze maachen. Ënnert deem Zeechen huet den delegéierten Digitalisatiounsminister Marc Hansen en Dënschdeg déi éischt konkret Projete virgestallt.

News Gesellschaft André Bauler

André Bauler : D’Nationalarchive brauchen onbedéngt en neit Gebai a méi Personal

„Nieft méi Personal brauchen d’Archiven onbedéngt en zäitgeméisst Gebai an dat néidegt Personal“, dat war de Constat vun eisem Deputéierten André Bauler en Donneschdeg an der Chamber, wou an enger Question élargie iwwer d’Nationalarchive Riets war.