Sie sind hier

News Tribune libre Außenpolitik Ausnahmezustand Gesundheit und Pflege

Monica Semedo: Fir en Europa mat engem neie Gesiicht.

Eis Europadeputéiert Monica Semedo mécht an hirer Tribune Libre um Radio en Appell, fir eng europäesch Zukunft mat engem neie Gesiicht ze schafen. Eng Zukunft, déi fir Gesondheet a fir eng Relance vun der Ekonomie suergt. Eng Zukunft, déi muss iwwert de Wee vu méi Nohaltegkeet a vu méi Digitalisatioun goen, fir datt d'Jugend op d'Jobs vu muer preparéiert gëtt.

News Arbeit Ausnahmezustand Finanzen Gesellschaft Wirtschaft Claude Lamberty Xavier Bettel

Esou packe mir de Wee zeréck an d'Normalitéit!

De Premierminister Xavier Bettel ass mat gudden Nouvelle virun d’Presse getrueden. Déi rezent Entwécklung vun den Infektiounszuelen erlaben der Regierung ee weidere Schrëtt Richtung Normalitéit ze goen. Ab dem nächste Méinden, dem 11. Mee, kënnen d’Independanten an d’Butteker nees hir Dieren opmaachen.

News Außenpolitik Gusty Graas

CETA-Accord: Wann et der europäescher Ekonomie gutt geet, da geet et och eisem Land gutt!

A senger Ried iwwert de CETA-Accord an der Chamber huet den DP-Deputéierte Gusty Graas nach eemol kloer an däitlech d’Argumenter op den Dësch geluecht, firwat d’DP dat Ofkommes ënnerstëtzt a firwat esou e Vott och wärend der aktueller Kris sollt verabschied ginn.

News Ausnahmezustand Bildung Claude Meisch

Schrëttweis Reouverture vun de Schoulen

Op senger Pressekonferenz vum 16. Abrëll huet de Bildungsminister Claude Meisch d’Exit-Strategie fir de Lëtzebuerger Schoulsystem wärend der Corona-Kris virgestallt.

News Arbeit Ausnahmezustand Gesellschaft Mittelstand Marc Hansen

Enormt Potential och an Zukunft notzen

De Covid-19 huet d‘Welt op d’Kopp gehäit. Déi nei Sécherheetsmesuren hunn eis virun Erausfuerderunge gestallt, déi e groussen Impakt ë.a. op de Gesondheetssystem, op d’Schoulen an op d’Aarbechtswelt hunn.

News Ausnahmezustand Finanzen Staat und Öffentlicher Dienst Guy Arendt André Bauler Pierre Gramegna

De Staat investéiert vill Suen an d’Stabilitéit vun eiser Ekonomie

An de leschte Wochen huet d’Chamber eng Rei Gesetzesprojete fir d’Stabiliséierung vun der Ekonomie gestëmmt. De Pierre Gramegna huet nach weider Texter op den Instanzewee bruecht.

News Ausnahmezustand Finanzen Mittelstand Lex Delles

Weider Hëllefe fir de Mëttelstand

D’Covid-19-Kris ass eng grouss Erausfuerderung fir eis Ekonomie. Besonnesch déi kleng- a mëttelgrouss Entreprisen hunn et schwéier fir hir Fraisen ze decken. Dofir huet de Mëttelstandsminister Lex Delles séier reagéiert an huet weider net-remboursabel Hëllefe lancéiert.

News Ausnahmezustand Bildung Hochschule Claude Meisch

Weltwäite Virreider: Minister Claude Meisch annoncéiert Fuerschungsprojet!

Am Kader vun engem neie Fuerschungsprojet, deen de Méinden uleeft, solle kënne 25% vun der Populatioun innerhalb vun enger Woch op Covid19 getest ginn. Dat si bis zu 20.000 Persounen den Dag. Domadder ass Lëtzebuerg weltwäite Virreider wat d'COVID-19 Testcapacitéiten uginn.

News Ausnahmezustand Familie Gesellschaft

Solidaresch Aktiounen zu Lëtzebuerg an Tipps fir sech d'Zäit ze verdreiwen

Den Ament verbrénge mir vill Zäit doheem, fir d’Verbreedung vum Corona-Virus esou gutt ewéi méiglech ze bremsen. Dofir hu vill Veräiner, Betriber an och Eenzeler flott Aktioune gestart, déi eis d’Liewe méi einfach solle maachen.

News Arbeit Ausnahmezustand Familie Gesellschaft Gesundheit und Pflege Corinne Cahen

Protektioun vu vulnerabele Leit an Ënnerstëtzung fir Familljen a Salariéen

De Schutz vun de vulnerabele Persounen ass eng Prioritéit an Zäite vum COVID-19. Dowéinst goufe besonnesch an de Spideeler an an den Altersheemer Precautioune geholl fir déi Leit ze schützen. Niewent strengen Hygiènesvirschrëften ass et virun allem wichteg fir de perséinleche Kontakt op en absolutte Minimum ze beschränken. Visitte sinn dowéinst weder am Spidol, nach am Altersheem erlaabt.

News Ausnahmezustand Finanzen Mittelstand Wirtschaft Xavier Bettel

Hëllef fir d’Lëtzebuerger Ekonomie

Xavier Bettel: „Mir loosse keen am Reen stoen!“

De Lëtzebuerger Staat gëtt sech net manner wéi 8,8 Milliarden Euro, fir der Ekonomie ënner d’Äerm ze gräifen. Duerch déi enk Zesummenaarbecht vu Finanz-, Mëttelstands- an Wirtschaftsministère konnt een ëmfaassende Stabilisatiounspak ausgeschafft ginn, fir Entreprisen, ma och Start-uppen, Salariéen, Fräiberuffler a Kënschtler an dëser schwéierer Zäit z‘ënnerstëtzen.

News Ausnahmezustand Bildung Claude Meisch

D’Pandemie vum Coronavirus huet ee groussen Afloss op d’Schoulen.

Fir den Ustiechungsrisiko ze minméieren, huet d’Regierung decidéiert fir d’Schoulen an d’Betreiungsstrukturen bis den 3. Mee 2020 zou ze maachen. D’Schüler léieren vun doheem aus.

News Ausnahmezustand Gesellschaft Justiz und Sicherheit Verfassung, Institutionen und Demokratie Xavier Bettel

Keng Zäit fir Parteipolitik!

Den 18. Mäerz huet d’Regierung iwwert e groussherzoglecht Reglement den Ausnamezoustand fir 10 Deeg dekretéiert, esou wéi den Artikel 32 (4) vun der Constitutioun dat virgesäit. D’Viraussetzungen dofir kënnen eng international Krise oder eng Menace fir d‘Bierger vum Land sinn.

News Tribune libre Arbeit Finanzen Gesellschaft Gesundheit und Pflege Wirtschaft Carole Hartmann

Fir datt d’Enn vun der Corona-Kris net d’Enn vun eiser Wirtschaft bedeit

Nodeems d’Regierung séier reagéiert huet, fir déi national Gesondheet vum Land ze garantéieren, preparéiert se elo en aussergewéinleche Krisebudget, fir datt d’Enn vum Corona-Virus net och d’Enn vun eiser Ekonomie – zemol vun eisem Mëttelstand – bedeit. Eng riseg Zomm Geld an e staarkt Zeechen: ganz an der Linn vun eisem Premier Xavier Bettel, dee gesot huet: „Et kascht, wat et kascht“!

News

DP-Regionalkongresser sinn annuléiert

De Corona Virus erfuerdert vun eis alleguerten e responsabelt Handelen. Mir sinn als ganz Gesellschaft gefuerdert fir déi vulnerabelst ënnert eis ze schützen.

Le coronavirus exige de nous tous que nous agissions de manière responsable. Nous sommes tous appelés à protéger les personnes les plus vulnérables.