Sie sind hier

News Tribune libre Gemeinden Anne Daems

Participativ Demokratie: Eng Erausfuerderung fir d’Politik an d’Bierger

An der Tribune Libre um Radio huet sech d’Presidentin vun der Ettelbrécker DP, Anne Daems, domadder beschäftegt, wéi wichteg eng uerdentlech Biergerbedeelegung fir Decisiounen op kommunalem Niveau ass.

News Tribune libre Landwirtschaft und Weinbau Gusty Graas

Iwwergangsmesure fir eng modern an nohalteg Landwirtschaft

A senger Tribune Libre huet eisen Deputéierte Gusty Graas iwwert d’Upassung vum Agrargesetz aus dem Joer 2016 geschwat. Mat deem Gesetz géingen Iwwergangsmesure fir eng modern an nohalteg Landwirtschaft geholl.

News Pressemitteilung

Matdeelung vun der Demokratescher Partei zu der Decisioun vum Monica Semedo, hir Memberschaft an der DP ze kënnegen

D'Demokratesch Partei vertrëtt Valeure wéi Toleranz, Anti-Diskriminatioun a Respekt un déi sech all Member ze halen huet. En Dënschdeg, de 26. Januar huet d’Monica Semedo iwwer sozial Medien annoncéiert hir Memberschaft an der Demokratescher Partei opzeginn. DP hëllt Akt vun dëser Decisioun.

News Pressemitteilung

Kommunikatioun vum Bureau exécutif

Nodeems de Bureau exécutif vun der Demokratescher Partei d'Madamm Semedo haut ugehéiert huet, ass en zu dëser Konklusioun komm...

News Tribune libre Familie Finanzen Gesellschaft Gesundheit und Pflege Wirtschaft Gilles Baum

A Krisenzäite muss d’Solidaritéit och an der Santé mentale gëllen

An der Tribune Libre um Radio befaasst sech eise Fraktiounschef Gilles Baum dës Woch mat der mentaler Gesondheet zu Lëtzebuerg a mat den Auswierkunge vun der Covid-Kris op déi psychesch Realitéit vun de Leit.

Parlamentarische Fragen Sport und Freizeit Claude Lamberty Carole Hartmann

Subside fir d'Sportsveräiner

Zanter féier Joer profitéieren d'Sportsveräiner vun de "subsides de base" an de "Subsides de qualité +" wann si lizenzéiert Sportler bis 16 Joer trainéieren. D'Zil vun dëse Subsiden ass et jo, dass déi jonk vun engem qualitativ héichwäertegen Training kënne profitéieren, dofir hunn d'Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty e puer Froen un de Sportminister gestallt.

News

D’DP trauert ëm hire Frënd a fréiere Minister Carlo Wagner (1953-2021)

De Carlo Wagner krut d’Politik souzesoen an d’Wéi geluecht. Säi Papp, den Dokter Charel Wagner, war schonn DP-Deputéierte fir de Bezierk Osten a Conseiller zu Wormer...

Parlamentarische Fragen Sport und Freizeit Claude Lamberty Carole Hartmann

Plan de relance fir de Sport

Am "Plan de relance Sport" huet de Sportminister déi verschidden Hëllefen a finanziell Ënnerstëtzunge fir d'Gemenge virgestallt. D'Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty hunn an deem Kader e puer Froen un den zoustännege Minister gestallt. 

Parlamentarische Fragen Mittelstand Tourismus Wirtschaft Carole Hartmann André Bauler

Wéi séier ginn déi nei Covid-Hëllefen ausbezuelt?

Am Dezember goufe weider Hëllefe gestëmmt fir deene Betriber ze hëllefen, déi besonnesch ënnert der Corona-Krise leiden. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hu beim Mëttelstandsminister Lex Delles nogefrot, wéi vill Demandë schonn agereecht goufen a wéi séier dës traitéiert ginn.

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Behënnert China d'Experten vun der Weltgesondheetsorganisatioun an hirer Recherche no den Urspréng vum Corona Virus?

No méintelaangen Diskussiounen ass d'Arees vu WHO Experten a China kuerzfristeg annuléiert ginn. D'Rees vun de Chercheuren sollt der Opklärung dengen fir erauszefannen, wou d'Covid Pandemie hiren Ursprong hat. De chineseschen Autoritéite no wier keen Datum festgehale ginn, an d'Pabeieren fir d'Arees wiere nach net komplett. Den Deputéierten Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministere nogefrot wéi et elo viru geet. 

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Rezent Waasserverschmotzung an der Rouschtbaach bei Miersch

Rezent gouf eng gréisser Waasserverschmotzung an der Rouschtbaach bei Miersch festgestallt. Dausende Liter Mëllech sinn hei aus engem ugrenzende Mëllech-Betrib an d'Baach gelaf. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob ewell weider Informatiounen zu dësem Virfall virléien an ob eng Plainte bei der Police deposéiert gouf.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Claude Lamberty Max Hahn

Problemer mat Ëmweltgeneemegunge bei Depoten – an deenen Hackschnëtzel produzéiert a gelagert gëtt?

A verschiddene Géigende vum Land – an deenen d’Bëschbestänn et erlaben – gëtt d’Holz schonn zanter längerem als wichteg Energiequell ugesinn. An deem Kontext, ass den d'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty zu Ouere komm, dass et deslescht bei verschiddenen Depoten – an deenen Hackschnëtzel produzéiert a gelagert gëtt – Problemer mat Ëmweltgeneemegunge gouf. Deementspriechend hunn déi zwee DP-Deputéiert beim zoustännege Minister nogefrot, ob d'Hackschnëtzelanlage weider als sënnvoll ugesi ginn a wéi vill ëffentlech Hackschnëtzel-Projeten zanter dem neien Naturschutzgesetz ëmgesat gi sinn.

Parlamentarische Fragen Bildung Kultur André Bauler

Pafemillen : Acquisitioun vum Klouschter fir schoulesch Aktivitéiten ?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm dass d’Regierung dat fréiert Klouschter op der Pafemillen bei Ëlwen wéilt opkafen. Wéi et schéngt, sollen dës Raimlechkeeten an Zukunft fir schoulesch Zwecker genotzt ginn.

Den Deputéierten huet beim Educatiounsminister nogefrot wat et mat dësem Gerücht op sech huet.

Parlamentarische Fragen Kultur André Bauler

D'Fërderung vun der Uergel zu Lëtzebuerg

D'Uergel ass en aalt Museksinstrument wat zu Lëtzebuerg an iwwerall op der Welt seng Bedeitung huet. Däitschland feiert dëst Joer dat imposant Museksinstrument. Ma ass och zu Lëtzebuerg eng Promotioun vun der Uergel geplangt? Dës a weider Froen huet den Deputéierten André Bauler der Kulturministesch gestallt.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Wéi steet Lëtzebuerg zur Propose d'Taxe fir Schëffer op der Musel ofzeschafen?

Däitschland huet annoncéiert wëllen d'Taxe fir Schëffer, déi op der Musel fueren, ofzeschafen. Wéi steet Lëtzebuerg dozou? Wat wieren d'Konsequenze vun där Decisioun? Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Minister nogefrot.