Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Behënnert China d'Experten vun der Weltgesondheetsorganisatioun an hirer Recherche no den Urspréng vum Corona Virus?

No méintelaangen Diskussiounen ass d'Arees vu WHO Experten a China kuerzfristeg annuléiert ginn. D'Rees vun de Chercheuren sollt der Opklärung dengen fir erauszefannen, wou d'Covid Pandemie hiren Ursprong hat. De chineseschen Autoritéite no wier keen Datum festgehale ginn, an d'Pabeieren fir d'Arees wiere nach net komplett. Den Deputéierten Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministere nogefrot wéi et elo viru geet. 

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gesellschaft Gusty Graas

Spendegelder an Indien

An Indien ass d’Reglement fir Spenden aus dem Ausland am November geännert ginn. Dëst huet Auswierkungen op d’Aarbecht vu Lëtzebuerger ONGen. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet beim zoustännege Minister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gusty Graas

Déi beonrouegend Situatioun am Passage vum el Guergarat

Marokko huet eng Operatioun am Passage vum el Guergarat lancéiert fir eng fräi Zirkulatioun vu Persounen a Gidder nees ze garantéieren. De "Polisario" a seng Milizen hunn de Grenziwwergang blockéiert an de Waffestëllstand bedreet, deem an der Zone zanter ongeféier 30 Joer besteet. Am deem Kader huet eisen Deputéierte Gusty Graas dem Bausseminister e puer Froe gestallt. 

News Tribune libre Außenpolitik Gusty Graas

Joe Biden: Hoffnung, awer keng Wonner


A senger Tribune Libre um Radio beschäftegt sech de Gusty Graas mam US-President elect Joe Biden an de Konsequenze vu senger Wal. Et kéint ee wuel mat déifgräifende Changementer an Amerika rechnen, ma dat géing sécher net vun haut op muer. 

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gilles Baum

Lëtzebuerg erëm op der rouder Lëscht vun der Belsch

Lëtzebuerg gëtt vun der Belsch erëm als Risikogebitt agestuft. Dat mécht d'Arees an d'Belsch fir Lëtzebueger Résidenten méi schwéier. Ma wéieng Mesuren solle fir d'Lëtzebuerger Studente gëllen? An enger drénglecher parlamentarescher Fro huet den DP-Deputéierten Gilles Baum sech beim Ausseminister renséignéiert. 

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Landwirtschaft und Weinbau Wirtschaft Gusty Graas

Wéi geet et weider mam EU-Mercosur-Accord?

Nodeems Frankräich scho länger retizent op de EU-Accord-Mercosur-Accord reagéiert huet, huet kierzlech och déi däitsch Kanzlerin Merkel sech skeptesch vis-à-vis vum aktuellen Text vum Accord geäussert. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi et elo mam Accord weidergeet?

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gesundheit und Pflege Tourismus Gilles Baum

Firwat ass Lëtzebuerg nach op der Schwäizer Lëscht vun de Risikolänner?

Däitschland huet Lëtzebuerg haut vu senger Lëscht vun de Risikolänner erofgeholl. D’Schwäiz huet seng Lëscht och haut aktualiséiert, mä Lëtzebuerg steet nach ëmmer drop. Dat heescht, datt e Lëtzebuerger, deen an d’Schwäiz wëll, muss an d’Quarantän, esouguer wann en en negativen Test dobäi huet. 

Den DP-Deputéierte Gilles Baum huet dofir eng drénglech Fro un den Ausseminister gestallt fir gewuer ze ginn, ob dee bei de Schwäizer Autoritéiten intervenéiert ass, fir Lëtzebuerg och do vun der Lëscht vun de Risikogebitter erofzehuelen. De Gilles Baum freet weider, ob nach aner europäesch Länner Areesrestriktioune fir Lëtzebuerger bäibehalen, obwuel d’Zuele vun den Neiinfektiounen hei am Land zanter 2 Wochen erofginn?

News Tribune libre Außenpolitik Ausnahmezustand Gesundheit und Pflege

Monica Semedo: Fir en Europa mat engem neie Gesiicht.

Eis Europadeputéiert Monica Semedo mécht an hirer Tribune Libre um Radio en Appell, fir eng europäesch Zukunft mat engem neie Gesiicht ze schafen. Eng Zukunft, déi fir Gesondheet a fir eng Relance vun der Ekonomie suergt. Eng Zukunft, déi muss iwwert de Wee vu méi Nohaltegkeet a vu méi Digitalisatioun goen, fir datt d'Jugend op d'Jobs vu muer preparéiert gëtt.

News Außenpolitik Gusty Graas

CETA-Accord: Wann et der europäescher Ekonomie gutt geet, da geet et och eisem Land gutt!

A senger Ried iwwert de CETA-Accord an der Chamber huet den DP-Deputéierte Gusty Graas nach eemol kloer an däitlech d’Argumenter op den Dësch geluecht, firwat d’DP dat Ofkommes ënnerstëtzt a firwat esou e Vott och wärend der aktueller Kris sollt verabschied ginn.

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gusty Graas

Wéi ass et mat der Gewalt géint Refugiéen un de Grenze vu Kroatien a vun der Tierkei?

Lëtzebuerger Organisatioune beschwéieren sech iwwer Gewalt géint Refugiéen un de Grenzen tëscht Kroatien a Bosnien an tëscht Griichenland an der Tierkei. Den Deputéierte Gusty Graas freet beim Ausseministère no, wéi Lëtzebuerg sech zu dëse Virwërf positionéiert an ob eis Regierung wëll bei der EU zugonschte vun de Refugiéen intervenéieren? 

News Außenpolitik Gusty Graas

Gusty Graas als neie Vizepresident gewielt

Den DP-Deputéierte Gusty Graas ass haut als ee vun de Vizepresidente vun der parlamentarescher Assemblée vum Europarot gewielt ginn.

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gusty Graas

Neit Wettrëschten nom Schluss vum INF-Vertrag?

Zanter dem 2. August ass den INF-Vertrag tëschent den USA a Russland, deen de Verbuet vun nukleare Mëttelstreckerakéite verbueden huet, ausser Kraaft. De Gusty Graas freet de Verdeedegungsminister wat d’Konsequenze vum Enn vum INF-Vertrag sinn an ob mer net elo riskéieren en neit Wettrëschten ze erliewen?

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Tiere André Bauler Gusty Graas

Wat soen d'EU-Memberstaaten zum Fräihandelsaccord tëscht der EU an deene 4 Länner vum "Mercosur"?

No 20 Joer Verhandlunge si sech d’EU an déi 4 Länner vum „Mercosur“ (Brasilien, Argentinien, Uruguay a Paraguay) den 28. Juni iwwer d’Base vun engem Handelsaccord eens ginn. Wärend déi europäesch Wirtschaft, wéi z.B. Däitschland, sech doriwwer freet, mécht sech déi europäesch Landwirtschaft Suerge wéinst engem evtl. Massenimport aus Länner, an deenen net déi selwecht Reegele gëlle wéi an Europa. Dat betëfft z.B. d’Beräicher vum Sozialen, vum Ëmweltschutz oder vum Déiereschutz. Deemno stellt sech d’Fro, ob deen Handelsaccord vun der europäescher Kommissioun soll ugeholl ginn oder net. An dem Kontext hunn eis Deputéiert Gilles Baum an André Bauler dem Landwirtschaftsminister e puer Froe gestallt.

News Außenpolitik Gusty Graas

Lëtzebuerger Entwécklungshëllef ass gutt a kann nach besser ginn

Eisen Deputéierte Gust Graas ass haut an der Debatt iwwert d’Lëtzebuerger Kooperatioun um Krautmaart intervenéiert. D’DP steet hannert der Entwécklungspolitik vun der Regierung. Et wier awer un der Zäit, fir sech Gedanken iwwert eng Reform vum Kooperatiounsgesetz ze maachen.

News Europawahlen Außenpolitik Corinne Cahen Charles Goerens

D’DP stellt hiren Europa-Programm vir.

D’Parteipresidentin Corinne Cahen an d’Spëtzekandidate Charles Goerens a Monica Semedo hunn haut de Walprogramm fir de 26. Mee presentéiert.

#dp2019eu #SozialLiberalEuropäesch #Lëscht1