Sie sind hier

News Tribune libre Landwirtschaft und Weinbau Gusty Graas

Iwwergangsmesure fir eng modern an nohalteg Landwirtschaft

A senger Tribune Libre huet eisen Deputéierte Gusty Graas iwwert d’Upassung vum Agrargesetz aus dem Joer 2016 geschwat. Mat deem Gesetz géingen Iwwergangsmesure fir eng modern an nohalteg Landwirtschaft geholl.

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Behënnert China d'Experten vun der Weltgesondheetsorganisatioun an hirer Recherche no den Urspréng vum Corona Virus?

No méintelaangen Diskussiounen ass d'Arees vu WHO Experten a China kuerzfristeg annuléiert ginn. D'Rees vun de Chercheuren sollt der Opklärung dengen fir erauszefannen, wou d'Covid Pandemie hiren Ursprong hat. De chineseschen Autoritéite no wier keen Datum festgehale ginn, an d'Pabeieren fir d'Arees wiere nach net komplett. Den Deputéierten Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministere nogefrot wéi et elo viru geet. 

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Rezent Waasserverschmotzung an der Rouschtbaach bei Miersch

Rezent gouf eng gréisser Waasserverschmotzung an der Rouschtbaach bei Miersch festgestallt. Dausende Liter Mëllech sinn hei aus engem ugrenzende Mëllech-Betrib an d'Baach gelaf. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob ewell weider Informatiounen zu dësem Virfall virléien an ob eng Plainte bei der Police deposéiert gouf.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Wéi steet Lëtzebuerg zur Propose d'Taxe fir Schëffer op der Musel ofzeschafen?

Däitschland huet annoncéiert wëllen d'Taxe fir Schëffer, déi op der Musel fueren, ofzeschafen. Wéi steet Lëtzebuerg dozou? Wat wieren d'Konsequenze vun där Decisioun? Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Minister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Wéi vill Betriber baue Geméis un?

D'DP-Deputéierten André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi vill Betriber zu Lëtzebuerg Geméis ubauen a wéi vill dovunner biologesch sinn.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit André Bauler Gusty Graas

Drone bei der Lëtzebuerger Arméi

D'Lëtzebuerger Arméi huet schonn am Mali Drone fir Observatiounen agesat. Elo sollen nach weider Drone kaaft ginn. D'Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hunn dozou e puer Froen un de Verdeedegungsminister gestallt. 

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Goufe wéinst der Pandemie méi Fëschschäiner ausgestallt?

An der Wallonie goufen dëst Joer däitlech méi Fëschschäiner ausgestallt wéi aner Joren. Wéinst der Pandemie si vill Leit éischter Aktivitéiten dobaussen nogaangen, wéi z.B. dem Fëschen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi d'Zuelen zu Lëtzebuerg evoluéiert hunn.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Saturatioun vum Marché: Präisexplosioun bei de Kläranlagen

Wéi vill Projeten si betraff? Wéi vill méi deier wäerten se ginn? A wat kann ënnerholl gi fir z'evitéieren dass Gemengen a Syndikater vill méi deier fir déi nei Kläranlage musse bezuelen? Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn Gusty Graas

Wéi geet et virun bei der Reduktioun vun der Liichtverschmotzung?

Nodeems den Ëmweltministère virun zwee Joer e Guide rausginn huet fir d'Liichtverschmotzung uechter d'Land ze reduzéieren, hunn d'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas nogefrot, wéi de Bilan bis elo an deem Beräich ausgesäit.

Parlamentarische Fragen Bildung Gesundheit und Pflege Gilles Baum Gusty Graas

Sollten an de Schoulen transparent Masken genotzt ginn?

Fir de Sars-CoV-2 anzedämmen, ass et wichteg eng Mask unzedroen. An der Schoul maachen et Masken de Kanner awer méi schwéier eng nei Sprooch ze léieren. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob transparent Masken an der Schoul eng Léisung wieren. 

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gesellschaft Gusty Graas

Spendegelder an Indien

An Indien ass d’Reglement fir Spenden aus dem Ausland am November geännert ginn. Dëst huet Auswierkungen op d’Aarbecht vu Lëtzebuerger ONGen. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet beim zoustännege Minister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Carole Hartmann Gusty Graas

Kéinten CBD-Produiten an der EU verbuede ginn?

D'Europäesch Kommissioun huet dëse November annoncéiert, datt de Cannabidiol (CBD) als Betäubungsmëttel agestuft kéint ginn. Als Konsequenz wiere Produiten mat natierlechem CBD an der EU domadder verbueden. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hunn der Gesondheetsministesch dozou e puer Froe gestallt.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Carole Hartmann Gusty Graas

Ee neie séieren PCR-Test fir Lëtzebuerg?

Ee Start-up aus dem Beräich vun der medezinescher Technologie huet ee neie séieren PCR-Test entwéckelt. Dësen Test kann a Klinicken an a Praxissen agesat ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dësen Test och zu Lëtzebuerg disponibel wäert sinn? 

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gusty Graas

Déi beonrouegend Situatioun am Passage vum el Guergarat

Marokko huet eng Operatioun am Passage vum el Guergarat lancéiert fir eng fräi Zirkulatioun vu Persounen a Gidder nees ze garantéieren. De "Polisario" a seng Milizen hunn de Grenziwwergang blockéiert an de Waffestëllstand bedreet, deem an der Zone zanter ongeféier 30 Joer besteet. Am deem Kader huet eisen Deputéierte Gusty Graas dem Bausseminister e puer Froe gestallt. 

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Wäert eis Landwirtschaft méi Waasser brauchen?

Waasser ass eng liewenswichteg Ressource, och fir eis Landwirtschaft. No deene ville waarme Summeren hunn d'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi vill d'Landwirtschaft, de Gaardebau an och de Wäibau momentan brauchen an Zukunft brauche wäerten.